Radioen

On air

Notturno  |  Jon Lucien - World Of Joy

play_arrow Live
search

/ Ëmmer méi Dokumenter ginn an den elektronesche Patientendossier eropgelueden

eSanté

Ëmmer méi Dokumenter ginn an den elektronesche Patientendossier eropgelueden

Bei der Agence eSanté ginn ëmmer méi Dokumenter am Zesummenhank mam Dossier de Soins Partagé (DSP) eropgelueden. Dat seet de President vum Conseil Marc Hostert den Dënschdeg de Moie bei der Presentatioun vum Joresrapport.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Bis elo wieren iwwer 13 Milliounen Dokumenter an den DSPe gespäichert, erkläert den Direkter Ian Tewes. Dat léich un der systematescher Integratioun vu medezineschen Dokumenter, wéi dem Impfpass an der Imagerie médicale. Allerdéngs bleift d'Aktivitéit vun de Patienten ëmmer nach niddreg.

Deemno ginn nëmmen 200.000 vun 1,2 Milliounen DSPen aktiv genotzt. Vill DSPe géifen eidel bleiwen, well gesond Leit net d'Noutwendegkeet gesinn, den Dossier aktiv ze benotzen. Dobäi kéim dem Direkter Ian Tewes no eng nach ze komplexer Prozedur fir den DSP ze aktivéieren.

"Mir sinn am gaang un der ganzer Prozedur ze schaffen, fir dat ze verbesseren. Mir schaffen och grad mam Ministère de la digitalisation fir potentiell een Accès iwwer mäi Guichet ze maachen. Dat géif scho ville Leit hëllefen."

Keng Detailer wat CNS an AMMD ugeet

D’Agence eSanté wëll sech an Zukunft op d‘Verstäerkung vum Paiement Immédiat Direct (PID) konzentréieren, deen d’Bezuele fir Patienten a Gesondheetsberuffer vereinfacht. Donieft gouf de Conseil méi breet opgestallt, mat och Membere vun der Federatioun vun de Laboratoiren, der COPAS, an dem Santésministère, esou de President vum Conseil Marc Hostert.

"D’Agence eSanté ass e Groupement d’interet public. Dat heescht, et setze Leit dran, déi net klassesch Aktionäre sinn. Mee et si Leit, déi en Interêt hunn, datt déi heiten Agence wiisst an d’Bedürfnisser vum Secteur ofdeckt."

Gëschter um Méindeg huet d'CNS annoncéiert, datt si verschidden digital Servicer iwwerhëlt, déi d’Dokteschvereenegung AMMD mat hirer Firma DHN entwéckele gelooss hat. Et ass allerdéngs op Nofro hin nach onkloer, wéi dës Servicer an déi bestoend Servicer vun der Agence eSanté integréiert ginn, a wéi eng Roll d'Agence dobäi iwwerhëlt, erklär de Marc Hostert: "Ech well an där Saach näischt aussschléissen an näischt aschléissen."

Lauschterenplay_arrow