Radioen

On air

Notturno  |  Young Fathers - I Saw

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neit Segment um Lëtzebuerger Wunnengsmaart

Logement

En neit Segment um Lëtzebuerger Wunnengsmaart

Um Wunnengsmaart entwéckelt sech zënter Jore rapid en neit Segment. Kleng, dacks miwweléiert Wunnenge wou d‘Locatairë sech verschidde Raimlechkeeten deelen. Den Observatoire de l‘habitat vum LISER huet déi Zort Wunnengen ënner d‘Lupp geholl.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Dat Segment ass net mat Wunngemeinschaften, respektiv Studentewunnengen ze verwiesselen. Et léisst sech an dräi Kategorien ënnerdeelen: Coliving, Kuerzzäitlogement a gedeelte Logement, erkläert d‘Constance Uyttebrouck.

Coliving bezitt sech deemno op miwweléiert Zëmmeren, déi vu spezialiséierte professionelle Gesellschafte geréiert ginn. Do kritt all Locataire een individuelle Loyer. D‘Kuerzäitlocatioun bezitt sech op eng ganz Wunneng, déi och miwweléiert ass a scho fir puer Deeg just gelount ka ginn. 

Zilgrupp: Héichqualifizéiert, temporär Aarbechtskräft

D'Residenze vum Logement partagé gëtt et nach wéineg zu Lëtzebuerg. Déi goufen als Residenzen entworf, déi entweder nëmmen Zëmmeren am Co-living oder kleng Wunnenge mat gemeinsame Raimlechkeeten a Servicer hunn, erkläert d'Constance Uyttebrouck

Déi Wunnengstyppe riichte sech an der Haaptsaach un héichqualifizéiert, temporär Aarbechtskräfte. Si gi vu groussen Investisseuren ugebueden a sinn, wéinst de Service déi mat ugebuede ginn, och méi deier wéi traditionell Wunnengen.

Fuerschung mécht op Risiken opmierksam

D'Segment behaapt, eng Äntwert op d‘Schwieregkeet ze sinn, Zougang zu enger flexibeler Wunneng ze kréien, déi sech och als eng onbeschwéiert Erfarung presentéiert. Gläichzäiteg kënnen och Risike wéi Präisinstabilitéit an Exklusioun verstäerken, erkläert d'Constance Uyttebrouck.

Um Lëtzebuerger Wunnengsmaart sinn dës Wunnengstyppen nach wéineg erfuerscht. Deem wëll sech den Observatoire de l‘Habitat elo unhuelen.

Lauschterenplay_arrow