Radioen

On air

Moiesstudio  |  Hëllef fir Fraen an Nout

play_arrow Live
search

/ Eng Rei Neierungen op Guichet.lu

Videokonferenzen an nei Rubricken

Eng Rei Neierungen op Guichet.lu

Op der Internetplattform Guichet.lu wäerten dräi Neierungen agefouert ginn. Dat huet d’Ministesch fir Digitalisatioun Stéphanie Obertin ugekënnegt. Dozou gehéiert ënner anerem bei MyGuichet d’Rubrik “Life Events”, déi schonn online ass.

auto_stories

1 min

myguichet.lu | © Jo Diseviscourt

An där neier Rubrik "Life Events" kann een aus verschiddene Kategorien direkt op Formulairen an Informatiounen zougräifen. Dës Kategorië sinn no markante Liewensofschnëtter wéi Gebuert, Mariage oder Pensioun regroupéiert. 

Dës Weidere wäert et méiglech sinn, Rendez-vouse bei Agencë per Videokonferenz duerchzeféieren. Bei MyGuichet.lu ass dat vun elo u méiglech, bei der Krankekeess vun November un, sou d‘Ministesch. Si erkläErt, datt dat eng weider Hëllef soll sinn.

"Et ersetzt net d’Méiglechkeet ze telefonéiere fir sech ze informéieren, an och net eng E-Mail ze schécke fir eng Äntwert ze kréien. Mee et bitt eng weider mënschlech Komponent, wou ee kann direkt mam Agent en face diskutéieren an Dokumenter echangéieren."

Déi physesch Guichete sollen iwwerdeems regional erweidert ginn. Dat an Ofsprooch mat de Bierger a Biergerinnen. Domat géif och e Punkt aus dem Koalitiounsaccord ëmgesat ginn, sou nach d’Stéphanie Obertin.