arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng oder zwou Schoulen? Déi Fro stellt sech an der Gemeng Stengefort

Lokales

|
reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow

Eng oder zwou Schoulen? Déi Fro stellt sech an der Gemeng Stengefort

Eng Zentralschoul fir déi ganz Gemeng oder zwee Schoulsitten zu Stengefort an zu Klengbetten – dës Fro beschäftegt am Moment déi Stengeforter Gemengepolitik. D’Oppositiounspartei CSV hat eng Petitioun lancéiert fir e Referendum erbäizeféieren. Bis elo hält d'Begeeschterung dofir sech awer a Grenzen.

reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Gemeng Stengefort | © Commune de Steinfort
D'Gemeng Stengefort (Foto: Commune de Steinfort)

Dräi Joer virun den nächste Gemengewalen ass an der Gemeng Stengefort schonn en Hauch vu Walkampfstëmmung ze spieren. 750 Ënnerschrëfte wëll d’Oppositiounspartei CSV zesummekréien, also ee Fënneftel vun alle walberechtegte Bierger, fir e kommunale Referendum zu engem zukünftege Schoulcampus an der Gemeng duerchzesetzen.

Der CSV, déi bei deene leschte Walen zwee Sëtz verluer hat, schwieft nämlech fir, d’Schoulinfrastrukturen an der Gemeng op engem eenzege Site zu Stengefort ze regruppéieren. Dëst op dem bis elo ongenotzten Areal mam Numm A Backent zu Stengefort – an am Plaz vun zwee getrennte Schoulsitten zu Stengefort an zu Klengbetten. 

Vu 750 Ënnerschrëften ass ee nach wäit ewech

Eigentlech wollt d’Oppositiounspartei déi 750 Ënnerschrëfte bis Mëtt Abrëll zesummekréien. Ma dovun ass een no bal sechs Wochen awer nach wäit ewech, soudatt et lo an eng Verlängerung soll goen. Den CSV-Oppositiounsrot Rafael Gomes mengt, datt der elo awer nach kéinten dobäi kommen.

"Mir schwätzen hei ongeféier vun 200 Petitiounen, wat natierlech nach ganz wéineg Petitiounen si vis -à -vis vun deene 750, déi mir u sech geziilt haten. Dat wat och ass, ass dass d'Oppositiounsparteien, souwuel d'DP wéi déi Gréng, eréischt d'lescht Woch och hir Positioun kommunizéiert hunn. A mir denken och, dass elo de Moment komm ass, wou d'Leit sech da vläicht wäerte positionéieren oder och net."

Trotz änlechem Zil awer ënnerschiddlech Positiounen

Effektiv hunn déi zwou aner Oppositiounsparteien, d’DP an déi gréng, déi am Stengeforter Gemengerot mat jee engem Conseiller vertruede sinn, eréischt kuerz virun der Ouschtervakanz Positioun zu engem potenzielle Referendum bezunn. Béid Parteie schwätze sech wéi d’CSV fir en eenzege Schoulcampus an der Gemeng aus. Mee an hire Positioune gëtt et awer trotzdeem en Ënnerscheed.

Wärend déi gréng e Referendum als “Mëttel fir d’Demokratie ze stäerke géifen ënnerstëtzen”, wéi de Conseiller Andy Gilberts et op eis Nofro hi formuléiert, ass et bei der DP wéi et schéngt e bësse méi komplizéiert.

Och si favoriséieren eng eenzeg Schoul an der Gemeng – dëst allerdéngs net um Site “A Backent”, deen der CSV virschwieft. Fir dëse géif et nämlech nach en aneren Interessent ginn – an zwar de Staat. Dem Daniel Frieden vun der DP seng Positioun ass kloer.

"Ech plädéieren zënter jeehier jo fir d'Zentralschoul, dat ass och nach wie vor meng Virgab, ech kann do net op eng Kéier en cours de route meng Richtung changéieren, wou ech just e Problem hunn, dat ass mat dem Lieu dit, deen d'CSV proposéiert, a Backent."

Steet en anere Projet am Wee?

A Backent soll awer och schonn en anere Projet ugeduecht sinn, wéi den Daniel Frieden verréit.

"Ech weess, awer nëmmen aus inoffizieller Stell, dass do en anere gréissere Projet soll op deem Lieu dit stattfannen an zu deem Projet huet eis Gemeng sech nach net positionéiert, soudass wa mer elo de Referendum lancéieren an déi zwou Froe mat Jo beäntwert géife gi vun de Leit, dann ass dee Site kompromettéiert fir deen anere Projet, deen do soll lafen."

Méi genee Informatiounen iwwert dëse méiglechen Alternativprojet kéint een à ce Stade net matdeelen, esou nach den Daniel Frieden. Mee, et wier ee Projet, deen d’DP Sektioun Stengefort géif begréissen.

Am PAG ass d’Areal A Backent als sougenannten BEP – also als Zone d’équipements et de bâtiments publics – ausgewisen. Wat fir d’Regierung also duerchaus och fir en nationale Projet interessant kéint sinn.  

LSAP ass weiderhin fir zwou Schoulen an der Gemeng Stengefort

Den LSAP-Buergermeeschter Sammy Wagner erkläert dozou op Nofro hin, dass et fir de Site “A Backent” zwar wuel verschidden Iddie géif ginn, definitiv Projete géife bis ewell awer nach keng virleien. Iwwerhaapt misst dat Areal als éischt duerch d’Realisatioun vum sougenannte PAP Sauerträisch, deen direkt doniewent läit an abordabel Wunnenge virgesäit, ugeschloss ginn.

Sou oder sou steet fir d’LSAP fest, datt et an der Gemeng weiderhin zwou Grondschoule soll ginn – an zwar net a Backent, mee op deenen aktuelle Sitten zu Stengefort an zu Klengbetten.

Gesäit net no enger zentraler Schoul aus

An dobäi bleift et wuel och, wann d'CSV déi néideg 750 Ënnerschrëften net wäert zesummekréien. D’Oppositiounspartei wéilt elo Enn Abrëll oder Ufank Mee nach eng Informatiounsversammlung organiséieren an da kucken, wéi de Verdikt vun de Bierger zu engem méigleche kommunale Referendum an engem zentrale Campus A Backent ausfält, esou nach de Rafael Gomes.

Wann hir Iddi bei de Bierger duerchfält,  géif een dat esou unhuelen, a sech dann eben anerwäiteg fir d’Zukunft vun der Gemeng asetzen.

 

play_arrow Lauschteren