arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suessemer Gemeng verdeelt keng Compte-rendue vun de Gemengerotssëtzunge méi

Zensur oder logesch Decisioun?

|
reading time

3 min

headphones

17 min

play_arrow

Suessemer Gemeng verdeelt keng Compte-rendue vun de Gemengerotssëtzunge méi

An der Suessemer Gemeng ginn d'Compte-renduen aus de Gemengerotssëtzungen zukünfteg net méi systematesch un all Stot verdeelt. D'Oppositioun schwätzt vun enger Zort Zensur, d'Buergermeeschtesch vun enger logescher Entscheedung.

reading time

3 min

headphones

17 min

play_arrow
D'Simone Asselborn-Bintz an d'Myriam Cecchetti | © Jo Diseviscourt
D'Simone Asselborn-Bintz an d'Myriam Cecchetti (Foto: Jo Diseviscourt)

Rezent huet eng Motioun vun der Suessemer Oppositiounsconseillère Myriam Cecchetti am Gemengerot fir Opreegung gesuergt. Et gouf d’Entscheedung vum Schäfferot a Fro gestallt, de Compte rendu vun de Gemengerotssëtzungen net méi auszeprinten an un all Stot ze verdeelen.

Am 100,7-Interview beschreift déi fréier Deputéiert vun déi Lénk dëst als ee Versuch, d’Oppositioun “mundtot” ze maachen. Et wier eng “kleng Zensur”.

Buergermeeschtesch kontert Kritik

D’Argument vum Schäfferot: Et wier net genuch gelies ginn an dofir net de ville Pabeier derwäert gewiescht. 750.000 Blieder si pro Editioun geprint ginn, erkläert d’Simone Asselborn-Bintz am 100,7-Interview.

D’Myriam Cechetti léisst dat Argument net gëllen. Wann et no där Logik no géing goen, da misst ee bal alles, wat um Pabeier gedréckt gëtt, ofschafen, well allgemeng net méi vill gelies gëtt.

D’Suessemer Buergermeeschtesch betount awer, datt d’Compte-renduen net ofgeschaaft ginn. Se wiere weider online disponibel an op Ufro kréich een et och weiderhin an d’Boîte gehäit. Dobäi géing de Gemengerot och opgeholl ginn an um Internetsite vun der Gemeng per Stream zur Verfügung gestallt ginn. Berichter iwwer de Gemengerot kann een an 3 Sprooche liesen.

Ënnerschiddleche Retour

De Retour, deen d’Myriam Cechetti als Oppositiounspolitikerin kritt huet, wier awer deen, datt grad deen Deel vum “Kuerz a knapp” - esou heescht d’Publicatioun - vill gelies gi wier. Mee schonn d’Forthuele vun de Logoen an de Manktem u Fotoen hätt dozou geféiert, datt dësen Deel vun der Publikatioun relativ dréchen, an dofir och onintressant fir Lieser:innen eriwwer komm ass.

Am éischten Deel vum “Kuerz a kanpp”, dee Revuen, Artikel a Fotoe beinhalt, an och weiderhi bestoe bleift, kéim ausserdeem de Schäfferot méi zur Geltung wéi d’Oppositioun. Dat huet d’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz awer esou net gëlle gelooss. De Retour, dee si kritt huet, war deen, datt grad d’Compte-renduen net vill gelies gi sinn.

D’Myriam Cecchetti betount, datt et grad an dësen Zäiten immens wichteg wier d’Leit ze politiséieren an iwwer Politik ze informéieren. Ausserdeem wier een als Oppositioun virun e Fait accompli gestallt ginn, well de Schäfferot d’Entscheedung iwwer d’Ofschafe vun deem Deel vum “Kuerz a knapp” ouni si geholl hätt, an ouni et virdru jee ze diskutéieren.

De Versuch, d'Leit participativ matanzebezéien

En Aarbechtsgrupp soll sech elo domadder beschäftegen, wéi een d’Bierger:innen dozou kritt, sech méi an d’Gemengenaarbecht matanzebréngen. D’Buergermeeschtesch huet drop higewisen, datt ee schonn eng Rei Aktioune gestart hätt, awer mat iwwerschaubarem Erfolleg.

D’Myriam Cecchetti sot doropshin, datt een dës Aktioune jo dann och misst ofschafen, well net genuch Leit sech dofir interesséieren. Eng Ausso, déi bei der Simone Asselborn-Bintz op net vill Versteesdemech gestouss ass. Wa kee sech mellt, fir matzemaachen, kéint een als Gemeng och net vill méi maachen, esou déi Suessemer Buergermeeschtesch.

 

play_arrow Lauschteren