arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virfall vun 2024 suergt weider fir Onrou an der Gemeng Hesper

Lokal

|
reading time

2 min

Virfall vun 2024 suergt weider fir Onrou an der Gemeng Hesper

E Virfall vun 2024 suergt ëmmer nach fir Onrou an der Gemeng Hesper. Et geet dobäi ëm eng Besetzung vun engem Posten, déi vill Welle geschloen hat. Bal zwee Joer drop ass d'Geschicht nach net vum Dësch. D'Oppositioun schwätzt souguer vun enger "République des copains".

reading time

2 min

Hesper | © Wikimedia Commons
Hesper (Foto: Wikimedia Commons)

Am Juli 2024 hat d’Oppositioun dem Inneminister Léon Gloden e Bréif geschéckt, an deem si d’Nominatioun vun enger Persoun op de Poste vum "Coordinateur du pacte du vivre ensemble" contestéiert hat. E Mount drop hat den CSV-Inneminister déi Nominatioun dunn annulléiert.

Dat selwecht Joer gouf, am Zesummenhank mat där Affär, eng strofrechtlech Plainte géint d’Oppositioun déposéiert. Der Police judiciaire no, war déi Plainte vu kengem aneren ënnerschriwwe wéi vum Affekot vun der Gemeng.

Buergermeeschtesch: "Dossier roue gelooss fir Emotioune rauszehuelen"

An der Gemengerotssëtzung vu gëschter wollten déi gréng an d’LSAP Erklärungen dozou hunn. D’CSV-Buergermeeschtesch Diane Adehm huet betount, datt een den Dossier no der Annulatioun duerch den Inneminister e bësse roue gelooss hätt, fir d’Emotiounen erauszehuelen. 

Wéi sech dunn intern eng Persoun fir dee Poste gemellt hätt, wär decidéiert ginn, si ze reaffektéieren. Der Buergermeeschtesch no géif déi Persoun eng ganz gutt Aarbecht leeschten, mee de Moment och nach fir de Kulturservice schaffen.

"Déi Persoun, déi elo zesummen de Vivre ensemble a Kultur mécht, déi wäert wuel an Zukunft och nach bei der Kultur mat upaken, mee déi gëtt an deem Sënn e bësse vun der Kultur dechargéiert, fir dass se sech dann nach méi kann op de Coordinateur du pacte du vivre ensemble konzentréieren."

déi gréng schwätze vun enger "politescher Vendetta"

De Stephen De Ron vun déi gréng huet ënnerstrach, datt d’Oppositioun no der Annulatioun vun der Nominatioun gesot kritt hätt, et bräicht een dee Posten net zu 100 Prozent, well et net genuch Aarbecht géif ginn.

"E puer géife souguer vun enger République des copains schwätzen, wou d'Posten net no objektive Krittäre verdeeltginn, mä no informelle Loyalitéiten. An eng Dynamik, déi hei duerchd'Interventioun vun der Oppositioun ënnerbrach gouf, wat offensichtlech netjidderengem gefall huet."

Datt d’Oppositioun, déi hir demokratesch Kontrollfunktioun erfëllt hätt, d’Affer vun enger Plainte gouf, wär net op der Mëscht vun der Buergermeeschtesch gewuess. Hei géif et nawell ëmeng - Zitat - "politesch Vendetta" géint verschidde Leit aus der Oppositioungoen, esou de Stephen De Ron, woumat also wuel de viregte Buergermeeschter Marc Lies dierft gemengt sinn.

Deen hat um Enn vu sengem Buergermeeschtermandat ganz schlecht Relatiounen zur Oppositioun. Dorop huet d’Diane Adehm geäntwert,datt de Schäfferot déi Plainte net initiéiert hätt.