Dem President vum Apdikter-Syndikat no wieren d’Stocken a bal all den Apdikten hei am Land eidel: Dat souwuel vum Basis-Grippe-Vaccin, wéi och vun deem méi héich doséierte fir Leit iwwer 65 Joer.
Just 60 bis 70 Prozent vun de Virbestellungen ukomm
Aner Impfstoffer sinn net betraff. Datt et zu enger Penurie kënnt, wier well d‘Kompositioun vum Impfstoff dëst Joer nach relativ spéit geännert gouf, erkläert den Alain de Bourcy.
"Doduerch huet de ganze Produktiounsprozess missen nei ulafen an huet Retard kritt. Mir maachen eis Virbestellunge schonn am Fréijoer, a vun deene Virbestellunge krute mir vum Influvac a VAXIGRIP deelweis nëmme 60 bis 70 Prozent - Stand haut - vun eise Pre-Commandë geliwwert."
D’Zesummesetzung vum Wierkstoff gëtt all Joers op déi nei sougenannte Souchë vum Virus ugepasst, fir datt de Vaccin dono optimal wierkt.
Nei Liwwerung spéitstens uganks nächst Woch
Datt et a Joren, an deenen et nei Virusstämm ginn, mol zu Retard kënnt, wier net ongewéinlech, seet de President vum Apdikter-Syndikat. Mee och d’Impf-Bereetschaft an der Bevëlkerung wier dëst Joer méi héich.
"Et sinn ëmmer Joren, wou bësse méi Impf-Middegkeet ass an et si Joren, wou d'Leit méi motivéiert sinn, fir sech impfen ze loossen. Ech kann Iech de Grond net soen, mee dat ass eppes, wat mir feststellen. An da kommen zwee Phenomeener beieneen."
Dëst Zesummespill hätt zur Konsequenz, datt den Ament quasi keng Vaccine méi do sinn.
Haut, respektiv spéitstens uganks nächster Woch, sollen d‘Apdikten awer mat neie Grippeimpfunge beliwwert ginn. Grond zur Panik géif et deemno nach kee ginn.
Wat d’Medikamente-Versuergung ugeet, gëtt Lëtzebuerg iwwer d’Belsch beliwwert. Kleng Länner, déi net esou ee grousse Marché hunn, wieren tendenziell méi ufälleg fir esou Ausfäll, erkläert de Alain de Bourcy.