D’Chamber hat d’lescht Woch fir d'Schafe vun der Medikamentenagence gestëmmt. D’Medikamentenagence soll am Laf vum nächste Joer d’Aufgaben aus der Santésdirektioun iwwerhuelen.
U méiglecher Knappheet ännert d'Agence näischt
Si gëtt dann och e wichtegen Intermediaire fir d’Patienten, esou d’Martine Deprez am 100,7-Interview.
"Wann dat bis alles operationell ass, musse mir natierlech och d'Kommunikatioun ronderëm organiséieren, datt d'Patiente wëssen, wou ginn ech elo kucken, ob ee Medikament feelt, wou ginn ech kucken, wou ech meng Effets secondaires eramellen."
Mat der Medikamentenagence géif sech awer näischt drun änneren, datt verschidde Medikamenter zu Lëtzebuerg kënne knapp ginn, esou d’Gesondheetsministesch.
"Dorunner wäert sech à terme net direkt eppes aneren, ausser mir bréngen et an Europa fäerdeg, d’Produktioun erëm op europäeschen Terrain zeréckzehuelen."
Lëtzebuerg als lescht EU-Land
Fir Lëtzebuerg wier d’Medikamentenagence wichteg, well si de Kontakt mat der europäescher Agence hält – an och mat der belscher.
"Mir erwaarden eis dovunner, méi séier kënnen ëmmer à la pointe du progrès och bei de Medikamenter dobäi ze sinn."
Lëtzebuerg ass dat lescht Memberland vun der Europäescher Unioun, dat seng eege Medikamentenagence kritt. Déi këmmert sech net just ëm Medikamenter fir Mënschen, mee och fir Déieren.
D’Agence wäert verantwortlech si fir d’Qualitéit, d'Sécherheet an d'Effikassitéit vu Medikamenter a medezinesche Produiten ze garantéieren.
Virum Vott an der Chamber gouf et Sträit ëm de Personalstatut vun der Agence. De Gesetzestext gouf puer Mol iwwerschafft an d’Agence wäert elo als Etablissement public mat Personal ënner dem ëffentleche Statut fonctionéieren.