Déi Europäesch Autoritéit fir Politesch Parteien a Fondatiounen hat virdrun de Verdacht geäussert, d’ESN géif géint Europäesch Valeure verstoussen. Der Prozedur no soll elo ee sougenannte “Comité vun onofhängegen eminente Persounen” een Avis dozou ofginn.
Fréier EU-Fonctionnairin a Kommissärin
D’Martine Reicherts, fréier EU-Fonctionnairin a kuerzzäiteg EU-Kommissärin, gouf gefrot, fir Member vun deem Comité ze ginn. Dat huet déi fréier EU-Kommissärin dem 100,7 confirméiert.
Definitiv Decisioun steet nach aus
Si géif dat Mandat unhuelen, d’Kommissioun hätt hir definitiv Decisioun awer nach net geholl, esou d’Martine Reicherts. Nieft der Lëtzebuergerin gouf nach ee weidere Vertrieder vun der Kommissioun nominéiert.Am Comité setzen am Ganze sechs Persounen.
Déi aner zwou EU-Institutiounen, d’Europaparlament an de Conseil vun de Memberstaaten hunn hir Representantë scho genannt. Wa sech de Verdacht confirméiert, kéinten dem Europäesche Parteiegesetz no der ESN EU-Subsiden a Milliounenhéicht entzu ginn.