Et wier een de Weekend vun engem neie Phänomen iwwerrascht ginn, esou de Minister bei de Kolleege vun RTL. Déi aktuell Zenarien, fir op d‘Belaaschtung vun der Loft ze reagéieren, wieren op den Trafic am stättesche Raum an op d‘Industriepollutioun zougeschnidden.
Et misst elo eng Kéier d‘Analys gemaach ginn, wéi een och op Evenementer, wéi esou e Feier, reagéiert. Ënner anerem géif iwwerluecht ginn, fir Miessstatioune fir Fäistebs am Norde vum Land opzeriichten, esou de Minister. Do ginn et der bis ewell keng.