Endlech: Et huet nees e bësse gereent, et ass nees méi kill. D’Sonn mécht eng Paus. A schonn denkt een – esou si mir Mënschen eben – vläicht ass et awer net esou schlëmm mam Klima? Vläicht kënne mir awer, wéi de Luc Frieden bei senger éischter Ried zur Lag der Natioun scho sot, just e Klimaschutz maachen, deen net nervt?
Egal wéi wäert d’Klimakris an den nächste Joren nach vill "nerven". Esou vill, datt esouguer de Fred Keup sech froe wäert, ob et fréier wierklech och schonn esou waarm war, an an der Chamber de Saz "mir brauche méi Klimaanlagen" nach méi dacks wäert widderhuelen.
"Dat, wat mir dëst Joer schonn erliewen, ass just en Avant-goût"
Well, dat wat mir dëst Joer bis elo an Europa a Saachen Hëtztwellen, Dréchent a Bëschbränn erlieft hunn, ass just e klengen Avant-gôut vun deem, wat de Klimatologen no komme wäert.
Dat faméist Zil vun 1,5 Grad Erwiermung aus dem Paräisser Klima-Accord si mir nämlech amgaang ze verfeelen, seet d’UNO. Déi global Zäregas-Emissioune klamme weider. An d’Welt steiert op plus 2,8 Grad hin. Wéi verschidde Klimatologen et iwwerspëtzt formuléiert hunn: Dëse Summer kéint dee killste sinn, dee mir nach erliewen.
"D'Regierung kuckt no"
A wat mécht d’Regierung? Si kuckt no a këmmert sech ëm dem Luc Frieden seng annoncéiert Prioritéite fir dëst Joer: D’Stäerke vum Lëtzebuerger Wirtschafts-Modell, d’Kompetitivitéit vun de Betriber an d’Kafkraaft vun de Leit.
E Modell, fir deen ee 7 bis 8 Planéite bréicht, wa jiddereen esou géif liewen. Op wéi engem Planéit d’CSV-DP Ministerinnen a Ministere liewen, hu sech dëse Summer vläicht méi Leit gefrot. Vläicht souze si op enger Plage ënner engem Sonneprabbeli an hunn - wéi op der berüümter Foto an der Gironde – vun do aus nogekuckt, wéi vis-à-vis de Bësch verbrennt.
"Amplaz Klimakris ze bekämpfen gi fossil Energië subventionéiert"
Déi éischt Hëtztwell koum schonn Enn Mee. Mee do war d’Regierung mat enger aner Kris beschäftegt. Déi héich Energiepräisser an d'Inflatioun wéinst dem Krich am Noen Osten.
Op enger Krisen-Tripartite gouf stënterlech e Resilienzpak decidéiert – net fir d’Klimakris ze bekämpfen, mee fir d’Inflatioun ze bremsen an ze verhënneren, datt d’Betriber ze vill Indextranche mussen ausbezuelen. Dofir gouf ënner anerem decidéiert, déi fossil Energië Bensinn, Diesel a Mazout staatlech ze subventionéieren.
Mat der Tripartite war de Sozialdialog gerett. Mee de Klima net.
Enn Juni koum dunn déi nächst, vill méi schlëmm, Hëtztwell. Et huet net méi gereent an d’Dréchent gouf ëmmer méi akut. An da schonn nees eng Hëtztperiod am August. Mee bei all deem: Weider kee Wuert vun der Regierung.
Vläicht och, well se weess: Fir d’Kéier bei der Klimaerwiermung nach ze kréien, misste Lëtzebuerg, an déi aner räich Länner, d’Haaptursaach méi radikal bekämpfen a vill méi séier ganz aus de fossillen Energien erausklammen.
Et ginn éischter Symptomer wéi d'Ursaach behandelt
Amplaz Strategien dofir auszeschaffen an d’Leit mat op dee Wee vun enger richteger Léisung ze huelen, konzentréieren d’Regierungen an Autoritéite sech awer ëmmer méi just op d’Upassung un déi nei Klimarealitéit.
An et ass och absolut néideg, eis Stied, Dierfer an Haiser méi resilient a méi resistent géint d’Hëtzt ze maachen. Well et huet een och zu Lëtzebuerg gesinn, datt mir net gutt an net genuch op d’Hëtzt preparéiert sinn. Esouguer gréng Parteie sinn net méi géint Klimaanlagen ...
Mee: Wann nëmmen nach d’Upassung un d'Klimakris vun de Regierungen thematiséiert gëtt, léisst een de rietspopulisteschen an extreeme Parteien d’Bunn fräi fir ze soen, et wier ze spéit, de Kampf géint d’Klimakris hätte mir scho verluer. An dofir soen: Kommt, mir maachen net just e Klimaschutz deen net nervt, mee komm mir maache guer kee méi.
Ech hoffen, datt et net esouwäit kënnt.