Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Unioun warnt virun der russescher "Schattenflotte"

Sabotage um oppene Mier?

Europäesch Unioun warnt virun der russescher "Schattenflotte"

No der méiglecher Sabotage vun engem Ënnerwaasserstroumkabel viru Finnland warnt elo déi Europäesch Unioun virun der sougenannter russescher Schattenflotte. D’EU-Baussebeoptraagt Kaja Kallas huet an der däitscher Zeitung "Welt" ugekënnegt, datt d’EU hir Moossname verstäerke wäert, fir dem Risk, dee vun deene Schëffer géif ausgoen, entgéint ze wierken.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

©  Merivartiosto - SLMV play_arrow
Foto: Merivartiosto - SLMV via X

Déi Schëffer wiere geféierlech fir d’Ëmwelt a géifen déi russesch Krichskeess fëllen, sou de Reproche vun der EU-Baussebeoptraagter Kaja Kalles. Elo géif et och nach ausgesinn, wéi wann d’Schëffer fir Sabotage géife genotzt ginn. 

Beschiedegung un Ënnerwaasserkabelen

Konkret geet et grad ëm d’Schëff Eagle S. Dat gëtt momentan vu finneschen Ermëttler festgehalen an ënnersicht. Si hätten de Verdacht, datt d’Schëff un engem Sabotageakt bedeelegt war, bei deem déi 170 Kilometer laang Stroumverbindung Estlink 2 a Richtung Estland ënnerbrach ginn ass.

Déi finneschen Ermëttler hunn elo eng verdächteg Schläifspuer um Mieresbuedem fonnt: De Verdacht ass, datt d’Schëff säin Anker iwwert de ganze Wee hannert sech hir gezunn huet, mam Zil d’Stroumkabelen ze beschiedegen.

D’Schëff géif der EU no zu der sougenannter russescher “Schattenflotte” gehéieren.

Ënner verschiddene Fändelen ënnerwee

Mat “Schattenflotte” sinn Tank- a Frachtschëffer gemengt, déi vu Russland agesat ginn, fir den EU-Sanktiounen ze entkommen. Russland gëtt virgeheit, esou Schëffer ze notzen, déi ënner verschiddene Fändele fueren a vu Länner sinn, déi manner Interessi drun hunn, d’EU-Sanktioune géint Russland ëmzesetzen.

D’Schëff Eagle S beispillsweis ass op de Cook-Inselen ugemellt, a laut de finneschen Ermëttler ass d’Reederei an den Arabeschen Emiraten. Et géif sech ëm ee Muster handelen, vu koordinéierten Aktioune fir d’Energieinfrastruktur ze beschiedegen, sou d’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas.

Och d’Ëmweltorganisatioun Greenpeace warnt virdrun, datt d’Schëff an engem schlechten techneschen Zoustand wier, an d’Ëmwelt géif bedroen.

Lauschterenplay_arrow