arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesche Rechnungshaff: Finanzéierungsreform bei Agrarpolitik féiert zu Problemer

Europäesch Agrarpolitik

|
headphones

1 min

Europäesche Rechnungshaff: Finanzéierungsreform bei Agrarpolitik féiert zu Problemer

D’Reform vun der Finanzéierung vun der europäescher Agrarpolitik géif eng ganz Partie Onsécherheete mat sech bréngen. Deen Haaptconstat geet aus dem Avis vum Europäesche Rechnungshaff ervir.

headphones

1 min

© European Court of Auditors
(Foto: European Court of Auditors)

Den Europäesche Rechnungshaff huet der Chamber-Agrarkommissioun seng Kritik un der Reform, déi d’Europäesch Kommissioun proposéiert huet, am Detail presentéiert. 

Fir d’éischte Kéier zanter der Aféierung vun der europäescher Agrarpolitik soll et kee separate Landwirtschaftsfong méi ginn, an d’Memberstaate kéinte méi Pouvoir kréien.

Europäesche Rechnungshaff warnt viru Risiken duerch d'Reform

A sengem Avis beschreift den Europäesche Rechnungshaff dës nei Struktur als ze komplex an ontransparent. Ausserdeem kéinten ënnerschiddlech national Reegelen zu Ongläichheeten an zu Konkurrenz tëschent de Baueren an de Länner féieren.

Déi europäesch Cour des Comptes fuerdert dowéinst méi kloer Reegelen a méi Transparenz bei der Kontroll vun der Verdeelung vun de Gelder.

Dozou d’Joëlle Elvinger, Lëtzebuerger Member beim Europäesche Rechnungshaff:

“Onsécherheet kéint och doduerch entstoen, dass de Gesamtbetrag vun der neier Landwirtschaftspolitik eréischt da bekannt ass, wann déi national Pläng, wéi se am Reglement iwwer den europäesche Fong virgesi sinn, ugeholl goufen.”

Donieft soll déi méi grouss Flexibilitéit fir d’Memberstaaten déi europäesch Elementer vun der Politik net a Gefor bréngen, esou d’Joëlle Elvinger.