search

/ Exoten op de Wanterspiller: Dacks Underdog, mee net ëmmer

Olympesch Wanterspiller

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Exoten op de Wanterspiller: Dacks Underdog, mee net ëmmer

Norwegen, Kanada oder d'Schwäiz si klassesch Wantersportnatiounen. An da ginn et Länner, déi een net onbedéngt op der Wanterolympiad erwaarde géing: Jamaika, Benin oder och Brasilien. Mir werfen e Bléck op dës "Exoten".

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Den jamaikanesche Bob am Asaz. | © EPA/VASSIL DONEV
Den jamaikanesche Bob am Asaz. (Foto: EPA/VASSIL DONEV)

Erkennt Dir nach follgend Filmzitat?

"Feel the rhythm! Feel the rhyme! Get on up, it's bobsled time! Cool Runnings!"

D'Zitat staamt aus enger Zeen aus dem Film “Cool Runnings” aus dem Joer 1993. E Film iwwer déi jamaikanesch Bob-Ekipp, déi eng éischte Kéier un de Wanterspiller 1988 zu Calgary deelhëlt. Eng Geschicht, déi wierklech esou geschitt ass, an haut, 38 Joer méi spéit, steet nees eng jamaikanesch Bob-Ekipp um Depart bei den Olympesche Wanterspiller zu Mailand a Cortina d’Ampezzo.

Vu Seefekëschte bei de Bob

Wann een u Jamaika denkt, dann denkt een u Liichtathletik. Mee - dat kann een esou soen - si gehéiere scho bal zu den etabléierten Natiounen am Bobsport.

Zënter 1988 war bei all den Olympesche Wanterspiller op d’mannst ee jamaikanesche Bob vertrueden, ausser 2006 an 2010, an 2018 esouguer eng éischte Kéier mat engem Frae-Bob.

D’Iddi, eng jamaikanesch Bob-Ekipp op d’Been ze stellen, haten deemools zwee Amerikaner, déi op Jamaika Seefekëschte-Coursse gesinn hunn. Dobäi kënnt, datt Jamaika eeben eng Liichtathletik-Natioun ass an et dofir vill Sprinter a Sprinterinne ginn. Deenen hir Untrëtts-Vitess gëtt grad beim Undrécke vun engem Bob gebraucht.

Op e kanadesche Bob ugewisen

Jamaika ass awer net déi eenzeg karibesch Natioun, déi dëst Joer dobäi ass. Trinidad an Tobago steet och um Depart. Dat och net déi éischte, mee schonn déi 5. Kéier.

Intressant hei ass, datt den offiziellen Internetsite vun der trinidadescher Bob-Ekipp och aktiv no Sponsore sicht. Bob-Sport ass nämlech immens deier: E 4-er Bob ka bis zu 250.000 Euro kaschten. Fir kleng Federatiounen net evident. 

Esou huet beispillsweis Jamaika bei der leschter Editioun vun de Wanterspiller e kanadesche Bob ausgeléint, well hiren eenzegen, dee si haten, bei engem Trainingsaccident beschiedegt gouf.

3 Debutanten

Manner deier ass et, sech e Puer Schi ze kafen. An déi 3 Natiounen, déi eng éischte Kéier un Olympesche Wanterspiller deelhuelen, ginn all am Schi-Alpin un den Depart.

Do gëtt et virop de Benin mam Nathan Tchibozo. Fir Guinea-Bissau ass et dann och eng Première. Dat mam Winston Tang, och Schi-Alpin.

An een Debut ass et och fir déi Vereenegt Arabesch Emirater, déi mat jeeweils enger Fra an engem Mann beim Schi-Alpin dobäi sinn. Dozou muss een allerdéngs soen, datt dat Athleete sinn, déi gebierteg net aus de Vereenegten Arabeschen Emirater sinn, mee d’Nationalitéit méi spéit ugeholl hunn.

Fir déi meescht vun den Athleeten aus deene Länner gëllt den olympesche Motto “Dobäi sinn ass alles”. Net awer fir jiddereen. Et ginn nämlech effektiv verschidden exotesch Natiounen, déi op eng Medail hoffe kënnen.

Neiséiland géint de Rescht

Ee Beispill wier d’Alice Robinson gewiescht. Si kënnt aus Neiséiland a gehéiert zu de beschte Fraen am Schi-Alpin, virun allem am Super-G. Si war scho Weltmeeschterin bei de Junioren, huet d’lescht Joer Sëlwer bei der WM am Riseslalom gewonnen a schéngt och dës Saison nees gutt a Form ze sinn.

Et ass schlussendlech awer just fir déi 8. Plaz duergaangen.

An och wann et op Neiséiland héich Bierger mat Schnéi gëtt, esou ass et awer an engem vun Europäer an Nordamerikaner dominéierte Sport schonn aussergewéinlech, eng Sportlerin aus Ozeanien esou wäit vir ze gesinn.

Si war dann och mat där 8. Plaz bescht Net-Europäerin.

Slalom amplaz Samba

E lescht Beispill: De Lucas Pinheiro Braathen. Deen éischter ongewéinlechen Numm kënnt dohier, datt hie brasilianesch an norwegesch Originnen huet. Hien huet sech op de Riseslalom spezialiséiert a geet zënter 2 Joer fir Brasilien un den Depart, dem Heemechtsland vu senger Mamm.

Wann Dir also deemnächst eng vun deene Kompetitioune kuckt, ass et vläicht derwäert e Bléck op all déi Natiounen ze werfen, déi een elo net onbedéngt mat Wantersport a Verbindung bréngt. Wie weess, vläicht suergt jo deen een oder anere fir eng Iwwerraschung. 

play_arrow Lauschteren