20 Prozent vum weltwäite Marché vum Pëtrol a vum Diesel kommen aus der betraffener Regioun, erkläert d'Florence Schmit. Duerch den Ugrëff an d'Fermeture vun der Strooss vun Hormus géifen déi 20 Prozent um Marché feelen.
Fir de Pëtrol ginn et Alternativen
Trotzdeem ass et nach net zu enger Präisexplosioun koum, obwuel dat laang gefaart gouf. Dat wier, well Alternative fonnt gi wiere fir déi 20 Prozent ze ersetzen, seet d'Florence Schmit.
"Virun allem Saudi-Arabien, mee och d'Emirater, hu probéiert fir maximal aner Exportweeër ze fannen, fir méi Pëtrol iwwer zum Beispill d'Rout Mier och ze exportéieren. Mee och fir aner Pipelines ze benotzen, am Fall vun den Emirater, fir am Fong d'Strooss vun Hormus ganz ze ëmgoen."
Mee och d'Produzenten hätten hir Produktioun erhéicht, virun allem d'USA, Brasilien a Venezuela.
Chineesesch Reserve spillen eng grouss Roll
Dee wichtegste Facteur, deen d'Präisser bis ewell nach relativ niddereg hält, wier awer, datt China manner vum Marché kaaft hätt.
"De chineesesche Maart ass de weltgréissten Importateur am Uelegmaart an déi hu säit Mäerz ongeféier ronn véier bis fënnef Millioune Fässer pro Dag manner kaf. An dat ass enorm vill. Dat huet de Marché balancéiert an de leschte puer Méint."
China hätt selwer enorm Reserven a kéint sech dofir fir den Ament vum Marché zeréckzéien. Och hir Reserve géifen iergendwann op een Enn kommen, gëtt d'Florence Schmit ze bedenken. An da géifen d'Präisser och nees klammen. Wéini domat ze rechnen ass, wier awer onkloer, esou d'Energieexpertin.
Nom Ugrëff op den Iran gouf och ëmmer nees viru Liwwerenkpäss gewarnt, besonnesch am Beräich vum Kerosin. Och déi Warnunge sinn net esou agetrueden. Dat géif dru leien, datt de Marché ganz séier reagéiert hätt, erkläert d'Florence Schmit, andeems d'Uelegraffinerië séier op Kerosin-Produktioun gesat hätten.
Fir den Diesel gëtt et net genuch Raffinerien an Europa
D'Produktioun an de Raffinerië wieren och d'Erklärung, firwat d'Präisser vum Diesel esou staark klammen.
"Et kann een natierlech nëmmen esou vill produzéieren, wéi d'Capacitéiten do sinn. (...) Wann een do d'maximal Capacitéit erreecht huet, da muss een am Marché akafen. An dat ass de Problem, dee grad den europäesche Marché huet am Moment."
De Gas wier iwwerdeems nach méi problematesch, erkläert d'Energieexpertin. Och vum Gas géife ronn 20 Prozent aus der betraffener Regioun op de weltwäite Marché kommen. Fir dee géifen et awer, anescht wéi beim Pëtrol, keng alternativ Weeër zur Strooss vun Hormus ginn.
"Do kënnt am Fong grad guer näischt an dat huet natierlech en Effet op de Marché, well dat heescht, datt déi Akeefer, also grad déi asiatesch Marchéen, déi normalerweis hire Flësseggas do kafen, déi kommen elo op de Marché, fir do Alternativen ze kafen an dat dréckt natierlech de Präis enorm erop."
Präisser vum Gas wäerte wuel weiderhin héich bleiwen
Och wann een net vun enger Präisexplosioun schwätze kann, sinn d'Präisser vum Gas och fir d'Privatstéit geklommen, vu ronn 25 op 60 Euro, seet d'Florence Schmit. An dat géif een an deenen nächste Méint och an den neie Verträg erkennen.
"Déi Präisser ginn esou schnell och net méi erof. Dat ass grad e Problem am Gasmarché, well do gëtt et manner Alternative wéi am Pëtrolsmarché. Dat heescht och, esouguer wann de Krich elo eriwwer ass, datt mir net zeréckginn op déi 25 Euro, mee mir bleiwen éischter um méi héijen Niveau."
Iergendwann géifen d'Präisser nees falen, mee fir den Ament misste se héich bleiwen, fir eng Balance am Marché ze halen, esou nach d'Energieexpertin.