Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FGFC schléit Alarm: Gemengelandschaft zu Lëtzebuerg steet an der Kris

Muechtmëssbrauch, Inkompetenz a Korruptioun

FGFC schléit Alarm: Gemengelandschaft zu Lëtzebuerg steet an der Kris

D‘Gemengelandschaft zu Lëtzebuerg stéing virun enger Kris. D‘Skandaler zu Diddeleng an zu Sandweiler géifen d‘Ausmooss dovu weisen. D‘FGFC weist an engem Communiqué op Muechtmëssbrauch, Inkompetenz, Korruptioun a Rechtsverstéiss an de Gemengen hin an dat dierft net méi laang ignoréiert ginn.

auto_stories

2 min

© Jo Diseviscourt

Zu Sandweiler wier besonnesch alarmant, datt eng extern One-Man-Consultingfirma d‘Leedung an der Gemeng iwwerholl hätt. Déi Persoun géif alles an der Gemeng kontrolléieren, souwuel déi politesch Aufgaben an Decisioune vum Schäfferot, wéi och Personaldecisiounen. Si hätt Zougrëff op all Computeren an de ganze Schlësselsystem.

Dat ganzt Personal wieren där Persoun ausgeliwwert. D‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal schwätzt vun engem Hohn fir engagéiert Gemengepolitiker a fir de Sozialdialog.

Privat Consultingfirmaen "definitiv de falsche Wee"

De President vun der FGFC Claude Reuter beschreift eng Entwécklung, déi een esou net méi acceptéiere kéint. virun allem den Asaz vu private Consultingfirmae gëtt kritiséiert.

"Et ass nach ëmmer esou, dass den ëffentlechen Déngscht an de Privatsecteur op munchen Ebenen aneschters fonctionéieren (...). Mir sinn der Meenung, datt dat op enger ministerieller Eebene soll passéieren. Do si jo genuch Kompetenzen, déi wëssen, wéi mer fonctionéieren.

Et sollt ee sengem Personal vertrauen, esou de Claude Reuter weider. Am jeeweilege Personalmanagement géing ee schliisslech ganz genau wëssen, "wou de Schong dréckt", an da sollt ee proposéieren, fir mat der Personaldelegatioun zesumme kucken, fir Léisungen ze fannen. "Dat doten ass definitiv de falsche Wee", seet de Claude Reuter.

D‘FGFC fuerdert dofir dann och eng Reform vun der Gemengenautonomie mat strikter Kontroll, juristesche Konsequenze fir Feelverhalen an d‘Ofschafe vu Muecht-Monopoler.