Vill Leit an Island geséichen d’Fëscherei duerch e méigleche Bäitrëtt an d’EU bedrot. De Secteur mécht e groussen Deel vun der Islännescher Wirtschaft aus.
"Kéinten net fir ëmmer stagnéieren"
D’Resultat wier eng Néierlag fir d'sozialdemokratesch Regierungscheffin Kristrun Frostadottir, déi ouni Erfolleg, fir Gespréicher mat der EU, Walkampf gemaach hätt.
Wéi den Damien Degeorges fënnt, hätten d’Islänner:innen net verstan, datt si net op éiweg an hirer Relatioun mat der europäescher Unioun stagnéiere kënnen, a viru komme missten.
"Alors, ils ont souhaité un statu quo, mais en réalité, l'environnement de l'accord de l'espace économique européen, dont l'Islande est membre, eh bien, lui, il n'est pas dans un statu quo. Et donc, c'est ça le problème, en fait. Et il y a eu principalement une volonté de marquer une indépendance vis-à -vis de l'Europe, mais en fait, ça fait 32 ans que l'Islande est membre de l'espace économique européen, donc en partie dans l'Europe, sans droits de vote et sans possibilité d'adopter l'euro."
De Samschdeg war d'Bevëlkerung per Referendum gefrot ginn, ob si wëllen, datt Island nees mat der EU iwwer en eventuelle Bäitrëtt verhandele soll. 52,8 Prozent vun de Wieler:innen hu mat Nee gestëmmt. 47,2 Prozent waren dofir, en Ënnerscheet vu ronn 12.000 Stëmmen.
De ganzen Interview kënnt Dir hei lauschteren.