Radioen

On air

Kultur um 5  |  Nicool - Stolz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fieder a Schwäert

Fräie Mikro

Fieder a Schwäert

An alle Kulture ginn et Beispiller fir déi Iwwerzeegung, datt eng Fieder, déi gescheit Gedanke schreift, méi geféierlech ass wéi e Schwäert. Fir d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, beweisen d’Reaktioune vu Milei, Putin an Trump, datt dat stëmmt.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Text: Simone Beck

Mam Keyboard géint d’Kettesee

Am alen aramäesche Mythos iwwer de weisen Ahiqar aus dem 6. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung steet schonn, datt e Wuert méi mächteg ass wéi e Schwäert. Dem griicheschen Dramatiker Euripides an dem Prophet Mohammed ginn änlech Iwwerleeungen zougeschriwwen, an den Napoleon sot, hie géif dräi Zeitunge méi fäerte wéi 100.000 Baïonetten.

D’Diktatore fäerten eng kritesch Press. Virwat wuel?

Déi Zensur, déi an allen Diktaturen iwwer Bicher, Zeitungen an haut Internet verhaange gëtt, beweist, datt déi Angscht berechtegt ass. A wann e Land um Wee ass, an een diktatoresche Regime ofzedriften, si kritesch Presseleit déi éischt Affer.

Den argentinesche President Javier Milei huet bei sengem Regierungsuntrëtt sämtlech staatlech Reklamm an den argentinesche Medie gestrach, well hi géif keng Ligejournaliste mat ëffentleche Gelder finanzéieren. Domat si fir vill argentinesch Medie wichteg Ressourcen ewech gebrach.

Zënter 2017 féiert de Regimm vum Wladimir Putin Honnerte vu Medien- a Presseleit als "auslännesch Agenten". Si mussen detailléiert Rapporten iwwer hir Aktivitéiten, Depensen an Deplacementer liwweren. Maachen si dat net, riskéieren si Geld- oder Prisongsstrofen. Déi selwecht Gefore betreffen och Mataarbechter a Mataarbechterinne vu CNN, der Deutschen Welle, France24 oder der RAI.

USA : Ruinéis Prozesser

Mëtt Februar gouf de Mataarbechter vun der renomméierter Presseagence AP (Associated Press) bis op weideres verbueden, u Pressekonferenzen am Wäissen Haus oder u Bord vun der Air Force One deelzehuelen. Firwat? Si hate sech geweigert, de Golf vu Mexiko Golf vun Amerika ze nennen. Wéi de Sender ABC en Interview mam Donald Trump gesent hat, dat net ganz positiv fir hie war, huet hien ABC verklot, a si hu sech aussergeriichtlech gëeenegt: De Fernsehsender huet dem spéidere President 15 Milliounen Dollar misste bezuelen.

Dat kann e grousse Sender wéi ABC sech vläicht leeschten, kleng Redaktiounen awer net. An dofir sinn e wierksaamt Mëttel vu Politik a Konzerner fir Kritiker ze stoppen, déi sougenannte SLAPPs (Strategic legal actions against public participation). Dat si Prozesser, déi zum Zweck hunn, duerch héich Affekotekäschten an eventuell Geldstrofe kritesch Presseorganer oder ONGe finanziell ze ruinéieren an anerer ofzeschrecken.

"Le sabre et l‘esprit"

Et kann een nëmmen hoffen, datt dee schonn zitéierten Napoleon Bonaparte, dee jo och kee Champion vun der Demokratie war, recht hat, wéi e gesot huet: "Il n'y a que deux puissances au monde, le sabre et l'esprit : à la longue, le sabre est toujours vaincu par l'esprit." Am Moment gesäit allerdéngs net duerno aus.

Lauschterenplay_arrow