arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanzéierung vun Terrorismus: Prisongsstrofe fir Responsabeler vu Bëtonsproduzent

Frankräich

|
reading time

1 min

Finanzéierung vun Terrorismus: Prisongsstrofe fir Responsabeler vu Bëtonsproduzent

De fréiere Chef vum franséische Bëtonsproduzent Lafarge, de Bruno Lafont, gouf wéinst Finanzéierung vun Terrorismus a Syrien ënnert anerem zu 6 Joer Prisong verurteelt. Dat mat effet immediat. Hie gouf nach am Sëtzungssall festgeholl a matgeholl. Hie géif awer an Appell goen, esou seng Affekotin.

reading time

1 min

De fréiere Chef vu Lafarge Bruno Lafont | © EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
De fréiere Chef vu Lafarge Bruno Lafont (Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Nieft dem Bruno Lafont goufen nach 7 aner fréier Responsabel zu Prisongsstrofe verurteelt. De Konzern Lafarge muss eng Geldstrof vun iwwer enger Millioun Euro bezuelen – déi héchst méiglech Strof. En huet dschihadistesche Gruppen iwwer 5,5 Milliounen Euro bezuelt, fir datt eng Bëtons-Fabrik am Norde vu Syrie bis 2014 wieder funktionéiere konnt, trotz dem Biergerkrich, esou d‘Riichter. Dat hätt et den Dschihadisten erméiglecht fir terroristesch Attentater ze preparéieren, notamment déi vu Januar 2015 a Frankräich. 

Och Affer vun Terrorattentater hu geklot

D‘Affer vun den Attentater vum 13. November hate sech als partie civile am Prozess constituéiert. D‘Affär ronderëm de Bëtonspoduzent Lafarge wier an hiren Aen eent vun de "Riedercher", déi zu den Attentater a Frankräich déi Joren drop geféiert hunn.