arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Publicatioun vum Rapport Alloncle iwwer den "Audiovisuel Public"

Frankräich

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Publicatioun vum Rapport Alloncle iwwer den "Audiovisuel Public"

A Frankräich suergt ee Rapport iwwer déi ëffentlech Medie fir Diskussiounen. De Rapport vum rietse Politiker Charles Alloncle gëtt haut public gemaach. E soll grouss Budgetskierzungen a Fusioune virgesinn. Elo awer steet de Politiker am Viséier vun enger Plainte wéinst Prise illégale d'intérêts.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Archivfoto vum franséische Politiker Charles Alloncle | © picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat
Archivfoto vum franséische Politiker Charles Alloncle (Foto: picture alliance / NurPhoto | Adnan Farzat)

Zënter Woche steet den RN-noe Politiker Charles Alloncle am Fokus, well säi Rapport net nëmme voller Budgetskierzunge soll sinn, mee och voller perséinlecher Attacken a Falschinformatiounen iwwer déi ëffentlech Medien a Frankräich.

Publikatioun vum Rapport haut

Haut gëtt de Rapport offiziell virgestallt, nodeems dësen d’lescht Woch bal vun der Enquêtëkommissioun blockéiert gi war.

De Weekend gouf awer elo eng Plainte vun der Antikorruptiounsorganisatioun AC!! beim nationale Finanzparquet zu Paräis agereecht. Dës viséiert de Rapporteur an och de Mediekonzern Lagardère News, dee vum ëmstriddene Milliardär Vincent Bolloré kontrolléiert gëtt.

Dem Alloncle gëtt “prise illégale d’intérêts” an “trafic d’influence passif” virgehäit, Lagardère News kritt “trafic d’influence actif” virgehäit. De Mediekonzern, zu deem ënner anerem Europe 1 an de Journal du Dimanche gehéieren, soll Membere vun der Enquêtëkommissioun Froe geschéckt hunn, déi als Attack géint déi ëffentlech Medien a Frankräich kéinten agesat ginn, fir dësen ze schueden. Dat hat Le Monde Enn Abrëll opgedeckt.

D'Plainte wier eng "grotesk Aktioun", esou de Politiker

Den Deputéierte Charles Alloncle seet, d’Plainte wier eng "grotesk Aktioun fir de Rapport ze schiedegen".

D’Kommissioun hätt vill Froe vu villen Acteure kritt an dës net agesat. Dat wier einfach Lobbyismus.

AC!! Anticorruption seet de ganz feindlechen an aggressiven Toun vum Alloncle bei der Enquête géing awer de Verdacht noleeën, datt hien de Propose vu Lagardère News nokomm wier, fir méi Presence an hire Medien ze kréien a fir säi politescht Profil ze stäerken.

play_arrow Lauschteren