arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir KI-Datenzenteren: Japanesch Firma Softbank wëllt 75 Milliarden Euro investéieren

Frankräich

|
reading time

1 min

Fir KI-Datenzenteren: Japanesch Firma Softbank wëllt 75 Milliarden Euro investéieren

Déi japanesch Tech-Investment-Firma Softbank wëllt bis zu 75 Milliarden Euro an nei KI-Datenzenteren a Frankräich investéieren. An enger éischter Phas solle 45 Milliarden Euro an den nächste 6 Joer an Datenzenteren an der Regioun Hauts-de-France investéiert ginn, huet Softbank ugekënnegt.

reading time

1 min

© EPA/RITCHIE B. TONGO
(Foto: EPA/RITCHIE B. TONGO)

Datt déi japanesch Firma Frankräich als Standuert gewielt huet wier franséische Medien ënner anerem op dee vergläichbar gënschtege franséischen Atomstroum zeréckzeféieren.

Haut ginn a Frankräich weider grouss Investitiouns-Annoncë vun auslännesche Betriber erwaart. Am Schlass vu Versailles ass nees de sougenannten Choose-France-Sommet, dat a Presenz vum President Emmanuel Macron. Eng 200 Patrone vun auslännesche Firme ginn do erwaart.