Wann een dem Finn Wolfhard senger Plack eppes net unhéiert, dann, dass se am déifste Wanter opgeholl gouf. D’Pachyderm Studios am Minnesota, do wou och “In Utero” vun Nirvana entstanen ass, hat sech de Museker ausgesicht, fir zwielef nei Songideen auszeschaffen. “Fire from the Hip” kléngt wéi eng entspaante Rees duerch de gutt sortéierte Plackeschaf.
De Bob Dylan gëtt hei zitéiert op “Nice To Meet You Again”, den Elliott Smith op “Good Morning”, de Riff vu “Crater” erënnert u Status Quo an och d’Beatles an den Neil Young sinn omnipresent. Iwwer deem Ganze schwieft de Geescht vu Laurel Canyon, vum handgemaachten Indie-Rock bis bei verdreemten Americana (“Maggie”, “Lights Go Down”).
Nostalgie ass fir de Finn Wolfhard net nëmmen an der Musek en Thema: Bekannt gouf hie virun allem an der Netflix-Serie “Stranger Things”, déi d’1980 erëm opliewe gelooss huet. Hien assuméiert dann seng Bewonnerung fir déi ganz Grouss vun der Museksgeschicht a sprënselt och eng ganz Rei Referenzen aus der Popkultur iwwer seng Texter. De George Clooney gëtt ernimmt, genee esou wéi de George W. Bush, e Lidd nennt sech “The Climb (Not That One)” fir et vum bekannten Hit vun der Miley Cyrus ze ënnerscheeden. An déi éischt Single “I’ll let you finish” bezitt sech op dem Kanye West seng Interventioun bei den MTV Video Music Awards 2009, wéi hien der Taylor Swift hire Präis net vergonnt hat.
Dem Wolfhard säin Humor an d’Freed, mat där hien sech viru sengen Idoler vernäipt, gi sengem zweete Solo-Album eng agreabel Liichtegkeet. E klenge Kritikpunkt wier just, dass d’Lidder harmonesch relativ änlech kléngen. En Titel wéi de Joy-Division-Hommage “Follow” suergt do fir eng wëllkomm Ofwiesslung a bréngt nach eemol eng nei Faarf eran.
Trotzdeem ass “Fire from the Hip” méi wéi d’Niewebeschäftegung vun engem Schauspiller tëscht den Dréiaarbechten. Et kann een hei éischter engem Kënschtler nokucken, dee lues a lues eng Authentizitéit an eng eegen Identitéit entwéckelt.