Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S02E30 Mir scheiteren ëmmer nach: Joël Seiller a Maxime Weber

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franséische Parquet fuerdert ënner anerem siwe Joer Prisong fir Sarkozy

Fréiere Franséische President

Franséische Parquet fuerdert ënner anerem siwe Joer Prisong fir Sarkozy

Zu Paräis geet haut de Prozess géint de fréiere franséische President Nicolas Sarkozy op een Enn. Him gëtt virgehäit an enger Korruptiounsaffär Sue vum libeschen Diktator Muammar Gaddafi ugeholl ze hunn, fir säi Walkampf 2007 ze finanzéieren.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Michel Stoupak play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Michel Stoupak)

De Parquet fuerdert 7 Joer Prisong, eng Geldstrof vun 300.000 Euro an och 5 Joer Ineligibilitéit fir de Sarkozy. Säin Affekot huet op een Neits fir ee Fräisproch vum Ex-President plädéiert. De Parquet wéilt dem Nicolas Sarkozy sengem Image schueden. Defense sot haut nach eemol, datt et eigentlech keng handfest Beweiser gëtt, mee de ganze Prozess just op Indizie géing berouen.

Bis d'Urteel kënnt kéint et puer Méint daueren. De geneeën Datum wäert wuel haut kommunizéiert ginn, mee well et eng relativ komplex Affär ass, ass domat ze rechnen, dass dat wuel réischt am Hierscht kënnt. 

Lauschterenplay_arrow