900 Hektar si vum Féier am Departement Aude betraff. Dëst wier awer elo ënner Kontroll sot de Laurent Nuñez um Freideg op der Plaz. Eng 900 Pompjeeë waren do am Asaz fir d’Flame Meeschter ze ginn.
Trotz dëse positiven Nouvellen, war den Inneminister awer beonrouegt mat Bléck op de Recht vum Summer. Néng vun zéng Bëschbränn wieren op mënschlecht Handelen zeréckzeféieren, sou den Nuñez, deen d’Populatioun opgeruff huet immens virsichteg ze sinn.
Bis elo scho 7.000 Bëschfeieren a Frankräich
De Premier Sébastien Lecornu hat um Donneschdeg annoncéiert, datt et an dësem Summer schonn eng 7.000 Bränn am Land goufen, déi 8.700 Hektar betraff hunn.
Eleng um Donneschdeg goufen et 26 Bränn a Frankräich.
3.000 Leit wéinst Feier evakuéiert ginn
Um Donneschdeg den Owend haten am Südweste vum Land, an de Pyrénées-Orientales, eng 3.000 Persoune wéinst engem Feier mussen evakuéiert ginn.
Dëse Weekend wäerten d’Temperaturen a Frankräich nees klammen, an domadder dann och d’Gefor fir weider Bränn.
Och eng Gefor fir d'Gesondheet
D’Hëtzt a Frankräich ass net nëmmen eng Gefor fir d’Bëscher mee och fir d’Populatioun. D’Gesondheetsministesch Stéphanie Rist hat um Freideg annoncéiert, datt et a Frankräich op d’mannst 2.025 zousätzlech Doudesfäll wéinst der Canicule d’lescht Woch goufen. Zu a ronderëm Paräis gouf et souguer eng Hausse vun 63%.
D’Zuele sinn awer just virleefeg a wäerten deemno wuel nach klammen. Den definitive Bilan gëtt nom Summer a Frankräich publizéiert.