arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréisst franséisch Atomzentral ofgeschalt: De Grond sinn 200 Tonne Jelliskäpp

Frankräich

|
reading time

1 min

Gréisst franséisch Atomzentral ofgeschalt: De Grond sinn 200 Tonne Jelliskäpp

Dat franséischt Atomkraaftwierk Gravelines, tëscht Calais an Dunkerque, ass fir d‘zweete Kéier dëse Mount ofgeschalt ginn. An zwar wéinst de massive Jelliskäpp, déi do ugeschwemmt gi sinn.

reading time

1 min

D'Atomkraaftwierk Gravelines am Norde vu Frankräich | © picture alliance / imageBROKER | Monasse T/Andia.fr
D'Atomkraaftwierk Gravelines am Norde vu Frankräich (Foto: picture alliance / imageBROKER | Monasse T/Andia.fr)

Hënt wieren do iwwer 200 Tonne Jelliskäpp opgetaucht, wéi de Bedreiwer EDF matdeelt.

Dowéinst hätte missten zwee vun de sechs Reakteren aus Sécherheetsgrënn komplett gestoppt ginn, am gréisste franséischen Atomkraaftwierk.

D‘Jelliskäpp wieren an de Filtersystemer opgetaucht, déi mat Mierwaasser bedriwwe ginn.

Scho virun enger gudder Woch hate massiv Quallesammlungen de Fonctionnement vum franséischen Atomkraaftwierk duerchernee bruecht.

De Moment fonctionéiert dowéinst kee vun de sechs Reakteren normal. D‘Ursaache vum Phenomen sinn nach net bekannt.