arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréiere Verteidegungsminister fuerdert trotz Krich Walen an der Ukrain

Osteuropa

|
reading time

1 min

Fréiere Verteidegungsminister fuerdert trotz Krich Walen an der Ukrain

De fréieren ukrainesche Verdeedegungsminister Mychajlo Fedorow huet no senger rezenter Entloossung elo Presidentewalen an der Ukrain gefuerdert. An engem Video op YouTube seet hien, d‘Ukrain misst am Interêt vun der Demokratie System fanne fir trotz dem Krich Walen ofzehalen.

reading time

1 min

© EPA/MAJA HITIJ
(Foto: EPA/MAJA HITIJ)

De Fedorow war Enn Juli, no nëmme sechs Méint, als Verteidegungssminister entlooss ginn. Hannergrond waren Tensiounen tëschent dem Fedorov an dem deemolege Chef vun der ukrainescher Arméi, deen duerno och ausgewiesselt gouf. 

De Fedorow gëllt, am Fall wou Wale wieren, als gréisste Konkurrent vum aktuellen ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.