arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Republik Moldau trëtt aus der Gemeinschaft vun den Onofhängege Staaten aus

EU-Bäitrëttskandidat

|
reading time

1 min

Republik Moldau trëtt aus der Gemeinschaft vun den Onofhängege Staaten aus

D‘Republik Moldau huet annoncéiert, komplett aus der Gemeinschaft vun den Onofhängege Staaten auszetrieden. Am Parlament zu Kischinau hu 60 vun 101 Deputéiert fir den Austrëtt gestëmmt. D' Gemeinschaft gouf 1991 ënner anerem gegrënnt fir déi fréier Sowjetrepublicken, nom UDSSR-Zerfall ze begleeden.

reading time

1 min

Parlament vu Moldawien | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Parlament vu Moldawien (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

Grond fir den Austrëtt wier, datt Russland d‘Onverletzbarkeet vun de Grenze vu Memberstaaten net géif beuechten – als Beispill gëtt de Krich géint d‘Ukrain genannt, déi Grënnungsmember vun der Vereenegung war.

Och virum Kontext vun engem EU-Bäitrëtt, wier dëse Schrëtt logesch, heescht et vum moldawesche Parlament. Zënter 2022 ass d‘Republik Moldau EU-Bäitrëttskandidat

Schonn 2009 war Georgien, an 2014 d’Ukrain aus der Vereenegung erausgaangen.