arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréieren FBI-Direkter op en Neits ugeklot wéinst enger Foto, déi d'Zuel 86 weist

USA

|
reading time

1 min

Fréieren FBI-Direkter op en Neits ugeklot wéinst enger Foto, déi d'Zuel 86 weist

Hie kritt virgehäit, eng Mordmenace géint den Donald Trump gemaach ze hunn. Dat wéinst enger Foto, déi hien an de Soziale Medie gepost hat, wourop Muschelen ze gesi waren, déi d'Zuele 86 47 forméiert hunn.

reading time

1 min

James Comey | © EPA/MICHAEL REYNOLDS
James Comey (Foto: EPA/MICHAEL REYNOLDS)

D'Zuel 86 kann am amerikanesch-englesche Slang heeschen, datt eng Persoun erausgehäit oder eliminéiert soll ginn. De fréieren FBI-Direkter James Comey weist d'Virwërf zeréck. 

Hie war wärend der éischter Amtszäit vum Donald Trump als FBI-Direkter entlooss ginn, nodeems hien eng Enquête opgemaach hat iwwer russesch Amëschung an d‘US-Presidentewale vun 2016. Den Donald Trump huet duerno ëmmer nees juristesch Poursuitte géint de Comey gefuerdert.

Am Hierscht zejoert war hien eng éischte Kéier wéinst falschen Aussoe virum Kongress ugeklot ginn. E Geriicht hat d‘Uklo ofgeleent, well d‘Nominatioun vun der deemoleger Procureur net legal war.