arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Friddensnobelpräis: Navi Pillay kritiséiert US-Sanktioune géint Strofgeriichtshaff

International

|
reading time

3 min

No Friddensnobelpräis: Navi Pillay kritiséiert US-Sanktioune géint Strofgeriichtshaff

D‘Laureatin vum Friddensnobelpräis Navi Pillay kritiséiert déi nei US-Sanktioune géint den internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag. Hannergrond ass den Haftbefeel géint den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu wéinst dem Verdacht op Krichsverbriechen an der Gazasträif.

reading time

3 min

An engem Interview mat der ARD huet déi südafrikanesch Juristin a Friddensnobelpräisdréierin Navi Pillay sech schockéiert gewisen, datt d'USA Riichter wéinst hire geriichtlechen Decisioune sanktionéiert hunn. D'Navi Pillay war selwer Riichterin um internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag. 

D'USA haten nëmme Stonnen no der Ukënnegung vum Friddensnobelpräis nei Sanktioune géint de Geriichtshaff decidéiert. Et ass net fir d'Éischt, datt d'USA esou Sanktiounen ausschwätzen.

Kritik och aus Den Haag 

Scho viru gutt engem Joer hat den US-amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio annoncéiert véier weider Richter:innen a Procureure vum internationale Strofgeriichtshaff ze sanktionéieren. Dat wéint der "permanent Bedroung vun US-Amerikaner:innen an Israeelien". 

Och den internationale Strofgeriichtshaff huet d'US-Sanktioun schaarf verurteelt. D'USA géifen d'Geriicht drun hënneren, sengen Aufgaben no ze goen an domat d'Justiz blockéieren. An der offizieller Erklärung heescht et weider, dës Sanktioune wieren eng Attack op d'Rechtsstaatlechkeet. 125 Länner - dorënner och Lëtzebuerg - si Member beim internationale Strofgeriichtshaff. D'USA, Russland, China an Israel gehéieren net dozou. 

© picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin
(Foto: picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin)

Haftbefeel géint Netanjahu a Gallant

Schonn am November 2024 hat den internationale Geriichtshaff an Holland en Haftbefeel géint den israeelesche Premier Netanjahu a säi fréiere Verteidegungsminister Yoav Gallant ausgeschriwwen. Och géint den ieweschte Kommandant vun der Hamas, Mohammad Diab Ibrahim Al-Masri, gouf et een internationalen Haftbefeel. De Mohammed Deif, wéi hien och genannt gouf, ass bei enger israeelescher Attack an der Gazasträif ëm d'Liewe komm. 

Dem Benjamin Netanjahu an dem Yoav Gallant gëtt reprochéiert zënter dem 08. Oktober 2023 Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet an der Gazasträif ze begoen. No der Hamas-Attack de 07. Oktober op israeeleschem Gebitt, huet Israel d'Gazasträif zwee Joer laang massiv bombardéiert.

Ausmooss vun der Zerstéierung

Zënter Oktober 2025 gëllt offiziell eng Wafferou. Et kënnt awer ëmmer nees zu israeeleschen Attacken an der Gazasträif.

Iwwer 74.000 Palästinenser:innen, an der grousser Majoritéit Zivilisten, sinn de Schätzunge vum palästinensesche Gesondheetsministère zënter hier ëm d‘Liewe komm. Méi wéi 80 Prozent vun der Infrastruktur an der Gazasträif sinn zerstéiert. Nei Satellittebiller déi virun e puer Deeg publizéiert gi sinn weisen d'Ausmooss vun der Zerstéierung

Israel blockéiert der internationaler Press zënter Joer den Accès an d'Gazasträif. Dat bestätegt ënner anerem Reporter ouni Grenzen. 

Zerstéiert Gebai an der Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Zerstéiert Gebai an der Gazasträif (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)