Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frontsyndical: OGBL an LCGB di sech zesummen

Gewerkschaften

Frontsyndical: OGBL an LCGB di sech zesummen

Den LCGB an den OGBL hunn sech ënnert dem Numm Frontsyndical zesumme gedoen. Dat hunn d’Presidentin vum OGBL Nora Back an de President vum LCGB Patrick Dury um Dënschdegmoie virun der Press annoncéiert. Dëse Schrëtt wier néideg, well ee momentan Attacke vu politescher Säit erlieft wéi et se schonn zënter Joerzéngten net méi gi sinn. 

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Et géif héich Zäit ginn, datt ee sech zesummen un den Dësch sëtzt, sou d’OGBL-Presidentin. Fir awer iwwerhaapt verhandelen ze kënnen, fuerdert de Gewerkschaftsbond, datt déi dräi grouss Sträit Projete fir d’éischt op Äis geluecht ginn éier ee sech un déi vun der Regierung proposéiert d’Table Ronde setzt, sou d’Nora Back. 

"Dat ass de Projet de loi zu der Sonndesaarbecht, zu de Ladenëffnungszäiten an zu der Mindestloundirektiv. Déi dräi sinn um Instanzewee, mee wann elo scho géif legiferéiert ginn, mee da brauche mir och net méi op e sozialen Dësch ze goen, wou driwwer soll diskutéiert ginn."

Lauschterenplay_arrow

Patrick Dury schwätzt vu sozialer Apartheid

Et hätt een ëmmer méi d‘Gefill dass d’Regierung d’Gewerkschaften sou gutt et geet ëmgoe wéilt, sou déi zwou Gewerkschaften, notamment bei wichtegen Theeme wéi der Sonndesaarbecht, dem Mindestloun oder der Reform vun den Ëffnungszäiten. De Patrick Dury vum LCGB  schwätz vu sozialer Apartheid.

"D'Fro stellt sech haut, ob d'Regierung géif woen, och esou mat hirer Fonction publique ëmzegoen, ewéi se dat mat de Salariéen aus dem Privatsecteur wëlles huet. Mir refuséieren op jidde Fall e System, deen op sozialer Apartheid berout, wou déi eng an der Fënnef-Stäreklass matfueren an d'Divisioune vu Mënschen an der zweeter Klass - an der Holzklass – sëtzen."

Vun dësem Dag un misst een dann och mat Aktioune vun dem Zesummeschloss LCGB an OGBL rechnen. De Frontsyndical géif keng Rou gi soulaang dës Projeten nach lafen. De Gewerkschaftsbond rifft dann och zu enger grousser Manifestatioun den 28. Juni op. D‘Regierung hätt deemno nach 5 Méint Zäit d’Saach nees riicht ze béien.