Radioen

On air

Tockcity  |  Rose City Band - Radio Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gehälteraccord fir den ëffentlechen Déngscht: "Eppes Raisonnabeles dobäi rauskomm"

Staatsbeamtegewerkschaft

Gehälteraccord fir den ëffentlechen Déngscht: "Eppes Raisonnabeles dobäi rauskomm"

Den neie Gehälteraccord fir den ëffentlechen Déngscht bréngt vill Verbesserunge fir Employéë mat sech. Dat seet de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger am 100,7-Interview. Iwwerhaapt hätt ee mat deem Ofkommes vill erreecht, an et kéint ee gutt domat liewen.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Steve Heiliger Generalsekretär vun der CGFP | © Morgane Weidig play_arrow
Steve Heiliger Generalsekretär vun der CGFP (Foto: Morgane Weidig)

Lauschterenplay_arrow

Sécher wier ee mat ënnerschiddlechen Erwaardungen an d’Verhandlungen eragaangen, mee um Enn wier "eppes Raisonnabeles mat 27 Dispositiounen dobäi erauskomm".

Dat Ganzt kucken

D’CGFP wier ëmmer raisonnabel, sou de Steve Heiliger. D’Staatsbeamtegewerkschaft géif sech wuel fir d‘Interête vun hire Memberen asetzen, déi vum Land awer ni ausser Uecht loossen. Eventuell eege Fuerderunge géif een ni kommentéieren, well d’Resultat ziele géif.

"Ech dierf awer drop hiweisen, dass deen Accord 27 Punkte beinhalt, déi all am Sënn vun de Leit sinn, déi an der Fonction publique schaffen, a mir kucken dat als e Ganzt."

Sozialdialog muss och an der Diskussioun ëm d‘Pensiounsreform funktionéieren

Och wann ee sech punktuell méi hätt kënne virstellen, gëtt de CGFP-Generalsekretär zou, sou hätt an dësem Fall de Sozialdialog fonctionéiert. Elo misst ee kucken, ob dat bei den Diskussiounen iwwer eng méiglech Pensiounsreform och de Fall ass.

"Well Sozialdialog ass net nëmmen nolauschteren an herno selwer decidéieren, mee dat ass och do, zu gemeinsame Schlussfollgerungen ze kommen an déi dann ëmzesetzen."

Deemno misst deem Rechnung gedroe ginn, wat déi verschidden Intervenanten op den Dësch leeë géifen, betount de Steve Heiliger.

Solidaresch mat Gewerkschaftsfront vun LCGB an OGBL

Datt dës Kéier den Accent méi op d’Employéë geluecht gouf hätt domat ze dinn, datt si an der Tëschenzäit 30 bis 40 Prozent vum Effectif am ëffentlechen Déngscht ausmaache géifen. A virun allem domat, datt a viregten Accorden ni eppes exklusiv fir d’Employéë gemaach gi wier. Woubäi een als Staatsbeamtegewerkschaft dobäi bleift, datt de Staat primär Fonctionnairen astelle sollt.

Mat der Gewerkschaftsfront vun LCGB an OGBL wier ee solidaresch, seet de Steve Heiliger nach. D’CGFP hätt sech awer nach net konkret mat deem Sujet befaasst.