Als Kämpfer huet den aktuelle Premier François Bayrou de Jean-Marie Le Pen haut bezeechent an als Personnage vun der franséischer Politik. Hien, deen 1956 mat grad eemol 27 Joer eng éischte Kéier Deputéierte gouf an 1972 de Front-National gegrënnt an domat dem Rietsextremismus a Frankräich eng politesch Stëmm ginn huet.
Bis 2019 Member am Europaparlament
No der Parteigrënnung hat dësen Zesummeschloss vun neofaschisteschen a rietsextreme Beweegunge laang Zäit eng éischter marginal Roll an der franséischer Parteielandschaft gespillt. 1984 sollt de Jean-Marie Le Pen et awer an d’Europaparlament packen, wou hie bis 2019 bliwwen ass.
Vill Skandaler vun all Zort
1988 kënnt hien am éischten Tour vun der Presidentielle schonn op 14 Prozent an domat op déi véiert Plaz. Kuerz dono packt et seng Partei och eng éischte Kéier an d’Parlament. An dat trotz de ville Skandaler a rassisteschen, islamophoben, antisemitteschen an homophoben Aussoen an Astellunge vum Le Pen, deen ënner anerem d’Gaskummeren an de KZer als réngen Detail vum Zweete Weltkrich bezeechent hat. Och juristesch Verurteelungen hu seng Haasspriedegten net gestoppt.
FN gewënnt un Afloss
An den 90er-Jore wiisst den Afloss vum Le Pen an dem FN. Bei der Presidentielle 2002 ass et dann de grousse Succès, de Le Pen packt et an den zweeten Tour géint de Jacques Chirac. De Le Pen verléiert dësen zwar däitlech, mee den FN ënnersträicht seng Muecht.
Expuslioun aus der eegener Partei
2010 trëtt de Le Pen als Parteispëtzt of a mécht de Wee fir seng Duechter Marine Le Pen fräi. Dës well d’Partei méi moderat an uschlossfäeg maachen a setzt op eng "Dédiabolisatioun", déi 2018 eng Ëmbenennung a Rassemblement National an och eng Expulsioun vum Grënner Jean-Marie Le Pen bedeit.