Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Cloth - Polaroid

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Iessen halen, manner ewechgeheien

Foodsharing

Méi Iessen halen, manner ewechgeheien

Ronn 150 Kilo Iesse gëtt zu Lëtzebuerg an der Moyenne pro Kapp ewechgehäit. Fir datt dës Statistik no ënne geet, ginn et eng Rëtsch Initiativen. Eng dovunner ass Foodsharing Lëtzebuerg, déi dem "food wasting" op verschidde Manéieren de Kampf ugesot hunn.

auto_stories

2 min

headphones

8 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Duerchschnëttlech gëtt am meeschten Iessen doheem ewechgehäit. Dofir géing et zwee Haaptgrënn ginn, seet den Daniel Waxweiler, Matgrënner vum Projet Foodsharing Lëtzebuerg. Dat eent wier d’Bequeemlechkeet, dat anert wier feelend Wësse wat d’Konservéierung vu Liewensmëttel ugeet.

Doheem huet een awer natierlech de meeschten Afloss op säi Verhalen. A genau do wëll de Projet Foodsharing usetzen. Si ginn Tipps, wéi ee verschidde Liewensmëttel besser lagere kann, fir se méi laang ze halen. Mee och Verhalensrännerunge probéiere si un de Mann an un d’Fra ze bréngen. Sou kéint ee sech uwinnen, wann ee Gäscht huet, deenen e puer Reschter matzeginn, proposéiert den Daniel Waxweiler.

Nieft dem Doheem ass natierlech och de Supermarché eng Plaz, wou vill Iessen ewechgehäit gëtt. Virun allem Brout oder aner frësch Produiten.

Zwee Food sharing points

Doriwwer eraus huet de Projet och zwee Foodhsharing points installéiert. Een zu Lëntgen an een zu Esch. Geplangt sinn zwee weiderer um Belval an an der Stad. Op deene Plaze kënne Leit Liewensmëttel rastellen a sech anert Iessen huelen.

Den Daniel Waxweiler erkläert, datt dat Iesse muss sinn, dat am beschten nach zou ass. Réit Fleesch, Fësch, oder Saachen, déi mat réier Mëllech gemaach sinn, dierf een net am Food sharing point ofginn. Alkohol ass och verbueden.

De Leit sti Frigoen zur Verfügung, wou een d’Liewensmëttel ka rastellen. Benevolle vum Projet botzen dës Frigoen och reegelméisseg a kontrolléieren d’Iessen, wat deen Ament ugebuede gëtt.

900 Tonne Liewensmëttel gerett

Aktuell huet de Projet Foodsharing Lëtzebuerg iwwer 800 Memberen. Et gëtt och eng laang Waardelëscht vu Benevollen, erkläert den Daniel Waxweiler. All Benevole muss als éischt eng kleng Formatioun maachen, ier enaktiv um Terrain eng Hand ka mat upaken.

Enger Schätzung no hätt de Projet zënter senger Grënnung schonn ëm déi 900 Tonne Liewensmëttel gerett. Dës Zuel konnt och erreecht ginn, well een och de Butteker Reschter rofhëlt a weiderverdeelt. Iwwer d'Feierdeeg sinn zum Beispill vill Bûche "gerett" ginn. "Déi kann een och afréieren", seet den Daniel Waxweiler. "Genau wéi déi meescht Liewensmëttel u sech".

Lauschterenplay_arrow