Nodeems d’Finanzfraude vun 61 Milliounen Euro bei der Hëllefsorganisatioun am Juli opgeflu war, hat d’Caritas PWC engagéiert. De Consultant huet d’gestion journalière iwwerholl, huet eng intern Forensik gemaach fir erauszefanne wat genee geschitt ass, an huet gehollef déi national Aktivitéite bei déi nei HUT asbl ze transferéieren.
PWC argumentéiert, datt an der Spezialkommissioun vun der Chamber just kann allgemeng iwwert Gouvernancefroe geschwat ginn, an net iwwert d’Caritas-Affär u sech, wéinst där jo eng Enquête vun der Justiz leeft.
D'Finanzdirektesch vun der Caritas ass inculpéiert, well si d'Virementen a Spuenien gemaach huet. Si verdeedegt sech, andeems si seet, si wier vu Kriminellen erageluecht ginn a si wier am Glawe gewiescht, den Optrag wier vun hirem Generaldirekter komm. D'Sue konnte bis haut net recuperéiert ginn.