D'Verkéiersetüd vun der US-Entreprise INRIX huet jo festgestallt, datt d’Automobilisten an der Stad Lëtzebuerg am Joer 2024 an der Moyenne 55 Stonnen am Stau stoungen. Domat géif een den Dag op 15 Minutte kommen, rechent de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt. Éier d‘Leit an der Stad ukommen, hätte si awer scho laang am Stau gestanen, betount hien. Deemno misst och regional den ëffentlechen Transport weider ausgebaut ginn.
Fir hie wier de Covoiturage och ee Schlëssel, fir géint de ville Stau virzegoen. Vun engem Péage, wéi d‘Securité routière et proposéiert, hält hien iwwerdeems näischt. Dat wier och op nationalem Plang néierens virgesinn.
De Grenzgänger:innen nëtzt gratis ëffentlechen Transport näischt
Zu Esch-Uelzecht stoungen d‘Leit zejoert 36 Stonnen, also bal eng Schaffwoch. De Meris Sehovic, Escher Mobilitéitsschäffen, huet ausgerechent, datt de Stau zu Lëtzebuerg d’Autofuerer pro Joer 600 Euro géif kaschten. Och fir de Staat géifen et duerch de Stau Milliounen u Käschte ginn.
Dem grénge Politiker no, misst deemno alles dru gesat gi fir d’Verkéiersopkommes ze reduzéieren. Ee groussen Deel vum Trafic hätt mat de Grenzgänger:innen ze dinn, esou de Meris Sehovic. De gratis ëffentlechen Transport géif hinnen näischt dengen, gëtt hien ze bedenken.
Fir géint de Stau virzegoen, wier et och fir hien, den "non plus ultra" weider an den ëffentlechen Transport ze investéieren. Do hätt Lëtzebuerg nach vill ze dinn.