Et géif ee kucke wéi d’Situatioun sech weider entwéckelt, et wier awer manner schlëmm wéi Ufanks erwaart, sou de Gilles Braquet. Iwwer d'Feierdeeg hate vill Clienten zou, erkläert hien. Dat hätt d'Situatioun entlaascht. Et wier och eng gutt Nouvelle, datt d'Schleis just bis den 1. Februar zou ass an datt d'Aarbechte gutt viru ginn.
Ausso vum Gilles Braquet
Nei Diere gi viraussiichtlech Enn Januar agebaut
Dat däitscht Schëfffaartsamt WSA huet gëschter, Mëttwoch, matgedeelt, datt déi 12 Meter héich a jeeweils 40 Tonne schwéier nei stolen Diere fäerdeg wieren. Déi géife viraussiichtlech Enn Januar agebaut ginn.
Zënter engem Mount ass kee Schëff méi am Mäerterter Hafen agelaf. Dat wéinst der defekter Schleis op der Musel an Däitschland. Den 8. Dezember war e Gidderschëff aus nach ongekläerte Grënn an d’Schleisepaart zu Müden gerannt an hat d’Schleis schwéier beschiedegt.