arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuerderung no Walrecht op Gemengenniveau vu 16 Joer un: Wéi steet d'DP dozou?

Walrecht

|
reading time

1 min

Fuerderung no Walrecht op Gemengenniveau vu 16 Joer un: Wéi steet d'DP dozou?

Wäit iwwer een Drëttel vun all de Buergermeeschteren am Land ass dofir, datt ee bei den nächste Gemengewale scho vu 16 Joer u kéint wiele goen. 39 Buergermeeschteren hu rezent en oppene Bréif ënnerschriwwen mat deem si sech der Fuederung vum Jugendparlament uschléissen.

reading time

1 min

© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Dorënner sinn eng ganz Rei Buergermeeschtere vun de Regierungsparteien CSV an DP. Mee grad déi CSV- an DP-Buergermeeschteren, déi och an der Chamber setzen, feelen op der Lëscht.

DP huet Diskussioun nach net gefouert

Och d'DP-Parteipresidentin Carole Hartmann, déi zu Iechternach Buergermeeschtesch ass, huet net mat ënnerschriwwen. Si géif d'Initiativ vum Jugendparlament awer begréissen, ënnersträicht d'Carole Hartmann am 100,7-Interview. Si misst awer differenzéieren tëschent hirer eegener Meenung an hirer Roll als Parteipresidentin. 

"Et ass eng Diskussioun, déi mir parteiintern säit dem Referendum u sech ni méi fundamental opgemaach hunn."

Zënter dem Referendum 2015 hätte sech awer virun allem op internationalem Plang vill Saache gedoen. Och aner Länner wéi Däitschland géife sech mat där Fro beschäftegen. Dowéinst sollt een den Debat nees féieren. Mee: 

"Mir sollten déi Argumenter, déi den Neen 2015 ausgemaach hunn, och net vergiessen. Déi musse mir mat an den Debat huelen."

Déi dierft een och bei de Virbereedunge vum DP-Walprogramm fir d'Walen 2028 net vergiessen. seet d'Carole Hartmann. 

Lauschtert hei déi ganz Erklärunge vun DP-Parteipresidentin