arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuerderunge vun der CGFP: Upassung vu Steiertabell un Inflatioun an eng Steierbaisse

Virun der Tripartite

|
reading time

1 min

Fuerderunge vun der CGFP: Upassung vu Steiertabell un Inflatioun an eng Steierbaisse

D‘Steiertabell misst direkt a komplett un d‘Inflatioun ugepasst ginn, esou eng vun de Fuerderunge vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP. Weider misst eng zäitlech begrenzt Steierbaisse decidéiert ginn, déi sech direkt um Payziedel bemierkbar mécht.

reading time

1 min

Paralle gëtt eng Upassung vun de Plafongen bei der Quellesteier op Zënsrecette gefuedert. Och den Energie-Steierkredit misst nees agefouert gi fir Stéit mat klengem Akommes ze entlaaschten, esou d'CGFP. 

D‘CGFP ënnersträicht weider, datt et mat der CGFP keen Tripartitesaccord zu all Präis géif ginn. Op kee Fall soll de Sozialmodell démontéiert ginn.