Ëmmerhin hätt Lëtzebuerg ee vun de gréissten Tauxe vun de “working poor”, also de schaffende Leit, déi trotzdeem un der Aarmutsgrenz liewen, esou nach d’Nora Back.
OGBL brauch Garantie fir den ëffentleche Gesondheetssystem
Zum Volet Santé hätt d’Gewerkschaftsunioun grouss Erwaardungen un dësen Etat de la nation gehat an déi wieren net erfëllt ginn, esou d’Nora Back.
"Mir si frou, datt hien dat elo erëm widderholl huet, wat hien och scho gesot huet, datt dës Regierung net fir en Dekonventionnement vun der Medezinn ass an net fir eng Zwouklassemedezinn ass, mee méi ass jo net gesot ginn, wéi deen ee Saz."
Do géif si sech froen, wéi een dat ëmsetze wéilt.
"Mir wiere frou, wann dat Theema vum Dësch wier, well déi liberal Dokterschaft huet vill versprach kritt an déi kréien elo den Hals net voll genuch, a mir wëllen awer, datt mir Garantien hu fir den Erhalt vun eisem staarken ëffentleche Gesondheetssystem. Dat geet eis elo net duer mat deem enge Saz."
Et bräicht eng nei Konventioun tëschent den Dokteren an der CNS, soss géif ee riskéieren d’Dier zu enger Zwee-Klasse-Medezin opzemaachen, esou nach d’Gewerkschaftspresidentin.
De President vun der Dokteschvereenegung AMMD, de Chris Roller, huet op Nofro hi betount, datt d’AMMD weder en Dekonventionnement, nach eng Zwee-Klasse-Medezin gefuerdert hätt. Zu den Aussoe vum Premier fir d’Waardezäite vun de Patienten ze reduzéieren, wéisst de Chris Roller awer net, wéi de Luc Frieden dat wéilt ëmsetzen.
UEL-President Michel Reckinger hofft op nämlechte Mindset fir d'Tripartite
Den Nach-UEL-President Michel Reckinger géif nom Premier senger Ried gesinn, datt ee sech op den Ausgangspunkten eens wier. Zum Ordre du jour vun der Tripartite gouf et keng weider Ukënnegunge vum Luc Frieden – eng Tatsaach, déi d’Gewerkschaftsunioun begréisst. Dat wier eng vun hiren Demande gewiescht, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back op Nofro hin.
Fir d'Tripartite géif de Michel Reckinger elo hoffen, datt jidderee mat deem nämmlechte Mindset géif dohi kommen, fir Léisungen ze fannen, esou den UEL-President.
“Haaptsächlech huet hien den ekonomeschen Ausbléck gedeelt, deen dann der Tripartite, jo, presentéiert ginn ass vun den Acteuren, haaptsächlech vum Statec, nämlech datt mir an enger Kris sinn, déi dann och nach duerch den Irankrich do accentuéiert gëtt. An ech mengen, da si mir eis emol eens op deem Ausgangspunkt.
Da géif een och Léisunge fannen, wier dat wat de Michel Reckinger aus dem Premier senger Ried eraushéieren hätt.
Mouvement écologique extrem enttäuscht
De Volet vun der Ëmwelt wier dës Kéier immes kuerz komm. Villes wier relativéiert ginn an et géif un enger strategescher Orientéierung vun der Regierung a Saachen Ëmwelt a Klima feelen, esou d'Presidentin Blanche Weber an enger éischter Reaktioun.
De Premier hätt sech a senger Ried laanscht déi zentral Froe gefuddelt, esou d'Blanche Weber.
"Hien huet keng Ausso gemaach, datt den Aarteverloscht weidergeet. Hiewn huet keng Ausso gemaach, wéi et mat engem Plan social pour le clima weidergeet."
Et wier och näischt gesot ginn doriwwer, wéi ee Famillje mat manner Geld déi energetesch Transitioun kéint vereinfachen, esou d'Blanche Weber.
"Keng Ausso, datt eist Waasser lues a lues méi verschmotzt gëtt duerch Eiwegkeetschemikalien, déi sech net ofbauen. Et huet ee wierklech den Androck, de Bols ass net fir den Theema. Hien huet nach eng fein Intro gemaach: 'Mir genéisse léiwer d'Sonn, wéi ënner der Sonn ze leiden.' Dat ass jo alles schéin a gutt."
Duerno missten awer konkret Aussoe komme fir d'Ëmweltpolitik an der Zukunft, esou nach d'Presidentin vum Mouvement écologique.