D’Expertereunioune wiere keng Plaz fir een oppenen Dialog. A Wierklechkeet wiere si een “orchestréierte Spektakel”, fir deen den Zenario vun Ufank u geschriwwen ze si schéngt, kritiséieren déi dräi Gewerkschaften.
D’Regierung géif eng Kéier méi de Sozialdialog mat de Gewerkschaften a Fro stellen.
OGBL, LCGB a CGFP froe sech, ob d’Initiativ vum “Schwätz mat” vun Ufank un iwwerhaapt seriö gemengt gewiescht wier, oder ob d’Regierung den Dossier vun Ufank u ficeléiert gehat hätt.
CGFP: ee politescht Spill vun der Regierung
D’Regierung géif d’Gewerkschaften nëmme ganz limitéiert an d’Diskussioune mat abannen, wat d’Gespréicher iwwert de Pensiounssystem ugeet. Dee Virworf formuléieren déi dräi Gewerkschaften.
D’CSV-DP-Regierung géif ee politescht Spill bedreiwen, bei deem d’Resultater egal wéi am Viraus géife feststoen. De Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP bedauert, datt nëmmen eng Persoun pro Gewerkschaft un den Experteronnen däerf dobäi sinn. Et géif een dem Sozialdialog domat kee Gefale maachen. D’Gewerkschafte wieren dee wichtegste Representant bei deene Gespréicher, ënnersträicht de Romain Wolff.
“Wat mir jo och bemängelen, dat ass, datt awer och ee ganz groussen Deel vun deene Leit, vun deenen 2.000, déi do erageschriwwen hunn, d'Meenunge vun de Gewerkschaften deelen. An dat, en fin de compte, awer déi Theemen, déi elo do um Ordre du jour stinn, notamment eventuell fir d'Alterslimitt, fir dat eropzesetzen, datt dat awer elo eigentlech deem net d'Rechnung dréit, wat d'Gewerkschaft wéi déi dat ganzt eigentlech gesinn.”
D’Gewerkschaften hu gefrot fir kënne méi Vertrieder an d’Reunioune matzebréngen. D’Ministerin Martine Deprez huet hinne schrëftlech geäntwert, et géife limitéiert Plaze ginn. Am Bréif, deen eis virläit heescht et, et géif ee sech op eng fixéiert Zuel u Participante beschränken.