Radioen

On air

9 bis 1  |  Brigitte Calls Me Baby - We Were Never Alive

play_arrow Live
search

/ Gemenge solle méi einfach op Videoiwwerwaachung kënnen zeréckgräifen

Fir "Brennpunkter"

Gemenge solle méi einfach op Videoiwwerwaachung kënnen zeréckgräifen

Den Inneministère wëllt d’Policeiwwerwaachung per Videokamerae méi einfach maachen: Den CSV-Inneminister Léon Gloden huet den Deputéiert gëschter um Donneschdeg Ännerungsvirschléi fir d’Visupol-Gesetz vun 2021 presentéiert. Déi administrativ Hürde fir d’Gemenge solle vereinfacht ginn. Verschidden Oppositiounsparteien ënnerstëtzen d’Pläng, mat awer Nuancen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / Eric Z play_arrow
(Foto: Bigstock / Eric Z)

Et wier begréissenswäert, datt den CSV-Minister Léon Gloden bei den Adaptatioune vu Policegesetz verschidde Garantien agebaut huet, notamment déi vum Verbuet vun der Gesiichtserkennung, sou de gréngen Deputéierte Meris Sehovic no der Sëtzung vun der parlamentarescher Intérieurskommissioun.

Avis vun der CCDH soll respektéiert ginn

Positiv wier och, datt eng VISUPOL eréischt agesat gëtt, wa gekuckt gouf, ob aner Mesuren net méi effikass wieren, mengt den Escher Schäffen.

"Et geet hei grosso modo virun allem dorëm, fir d'Prozedur, déi nei agefouert ginn ass virun e puer Joren, déi elo op d'Leescht geholl ginn ass, fir déi e bëssen ze straffen, méi séier ze maachen. Ech mengen, dogéint schwätzt näischt. Wat ze bemierken ass, datt d'Mënscherechtskommissioun en neie Rôle sollt kréien."

D’Adaptatioune vum Policegesetz gesinn ebe vir, datt et keng consultativ Kommissioun méi fir de VISUPOL gëtt. Amplaz soll déi consultativ Mënscherechtskommissioun hiren Avis zu esou enger Videoiwwerwaachung ausschaffen. 

Den Dan Biancalana vun der LSAP bedauert, datt deen Avis net verbindlech soll sinn.

"Mir ass op alle Fall wichteg, och am Numm vun der LSAP, datt wann een Ännerunge mécht par rapport zu den Avisen, déi een eranhëlt, datt awer och den Avis vun enger Mënscherechtskommissioun, déi awer een Organ ass, wou onofhängeg ass, wou der Chamber rattachéiert gëtt, awer och zur Kenntnis geholl gëtt, an net schlussendlech herno sech driwwer ewech gesat gëtt."

Sécherheetsgefill vun de Leit stäerken

Et géif bei deem Avis vun der CCDH ëm Mënscherechter goen, also misst deen Avis respektéiert ginn, esou no der Sëtzung d’CSV-Politikerin Stéphanie Weydert. D’Adaptatiounen um Projet de loi wiere begréissenswäert a méi Kameraiwwerwaachung géif an hiren Aen d’Sécherheetsgefill vun de Leit stäerken, esou nach d’Presidentin vun der Chamberkommissioun.

Si selwer, als Buergermeeschtesch vu Rouspert-Mompech, géif an hirer Gemeng awer kee Besoin dofir gesinn. 

Lauschterenplay_arrow