Dat kéint der fréierer Kultur-Ministesch Rachida Dati, Kandidatin vu Les Républicains a Modem, zegutt kommen, fir awer nach de Réckstand vun iwwer 12 Punkten op de Sozialist Emmanuel Grégoire aus dem éischten Tour gutt ze maachen.
Zu Marseille huet de Sébastien Delogu vu La France Insoumise sech zeréckgezunn. De Sozialist Benoît Payan muss domat elo eleng géint de rietsextreeme Rassemblement National zu Marseille untrieden.