Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Georges Mischo wëllt de Congé collectif am Bau net reforméieren

No Aussoen am August

Georges Mischo wëllt de Congé collectif am Bau net reforméieren

De Georges Mischo huet net wëlles de Congé Collectif am Bausecteur ze reforméieren. Dat sot hie gëschter um Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun. 

auto_stories

1 min

Georges Mischo | © ADEM
Foto: ADEM

Den Aarbechtsminister hat wuel an engem Interview am August preziséiert, hie wier prett fir Diskussioune mat de Sozialpartner ze féieren, sollt et dann Handlungsbedarf gi fir um Congé Collectif eppes ze änneren. Hien hätt awer ni gesot, datt hien eng Reform wéilt an d'Weeër leeën, esou de Georges Mischo.

Souwisou wier de Congé Collectif net an de Kompetenze vun der Regierung, esou nach de Minister.