Radioen

On air

Notturno  |  Jennifer Loveless - Muzik

play_arrow Live
search

/ Georgien: Russlandno Regierungspartei gëlt als Walgewënner

Oppositioun erkennt Resultat net un

Georgien: Russlandno Regierungspartei gëlt als Walgewënner

Der nationaler Walkommissioun no huet a Georgien d’Regierungspartei d’Parlamentswale gewonnen. D’Partei “Georgeschen Dram” vum Milliardär Bidsina Iwanischwili, dee Russland no steet, kéim deemno op ronn 54 Prozent vun de Stëmmen. 

auto_stories

1 min

Georgien Fändel | © picture alliance / photothek | Thomas Trutschel

D’pro-europäesch Oppositioun erkennt dëst nach net definitiivt Resultat net un an huet Protester ugekënnegt. Si schwätze vu Walbedruch a fäerten, datt d‘Land vum EU-Kurs ofkënnt.

Dës Parlamentswale goufen als decisiv ugesinn an der Fro, a wéi eng Richtung d‘Land sech geostrateegesch beweege soll: Éischter a Richtung Russland, oder Richtung EU.