Radioen

On air

Notturno  |  Tiago Caetano - Só Quero Viver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martin Rajna, neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker?

Philharmonie

Martin Rajna, neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker?

Op Instagram huet d'Philharmonie e Video gepost, deen en Hiweis an dës Richtung gëtt. Den Numm stëmmt mat där Info iwwerteneen, déi mir well vu verschiddene Quellen héieren hunn. Vun offizieller Säit krute mir dës Informatioun net bestätegt.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

Martin Rajna | © Andrea Felvégi play_arrow
Martin Rajna ©Andrea Felvégi

Et gi verschidden Hiweiser, déi op de Martin Rajna als neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hiweisen. Op Instagram huet d’Philharmonie e Video gepost, deen engem en Hiweis op den neie Chefdirigent soll liwweren. Ze gesinn ass d’Oper vu Budapest, de Budapester Tram an och eng Bréck, déi d’Bild vun der Stad markéiert. Den 29 Joer jonken ungareschen Dirigent ass aktuell de Chefdirigent vun der ungarescher Staatsoper. Um Video gesäit een och Hänn déi Piano spillen, an et ass wuelbekannt datt de Martin Rajna och en exzellente Pianist ass. Donieft gesäit een och d’Partitur vun de Rokoko-Variatioune vum Pjotr Ilitsch Tschaikowsky, deem Wierk, mat deem de Martin Rajna d’Lëtzebuerger Philharmoniker virun e puer Méint an der Philharmonie dirigéiert huet. Solist war deemools de Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof.

Doriwwer eraus hu mir den Numm well vu verschiddene Quellen héieren. Vun offizieller Säit aus der Philharmonie krute mir dës Informatioun net bestätegt, mä goufen op d’Pressekonferenz muer de Moien verwisen.

Lauschterenplay_arrow