Radioen

On air

Notturno  |  Don Piano - REDD

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréissert Feier um Lampertsbierg

CGDIS

Gréissert Feier um Lampertsbierg

Bei der Kräizung mat der Rue Jean-l'Aveugle ass d'Feier nieft engem Chantier, un enger Isoléierungsfassad vun engem Gebai ausgebrach, an deem Wunnengen a Büroen dra sinn.

auto_stories

1 min

Wéinst der Isoléierungsfassad hat sech décke schwaarzen Damp entwéckelt. Eng Persoun wier duerch den Damp liicht blesséiert ginn.

D‘Leit aus dem Gebai wieren alleguerte schonn eraus gewiescht, wéi d‘Pompjeeën op d‘Plaz komm sinn. Wéi de CGDIS nach preziséiert, misst warscheinlech een Deel vun der Fassad ofgerappt ginn.