search

/ A Groussbritannien breet sech d'Meningite weider aus

Hirnhautentzündung

|
reading time

1 min

A Groussbritannien breet sech d'Meningite weider aus

A Groussbritannie klëmmt d’Zuel vun de Leit déi sech mat der Meningokokken-Meningite ugestach hu vun 20 op 27. Dovun ginn der den Ament nach 12 Stéck ënnersicht. Bis ewell sinn zwee Leit un der Meningite gestuerwen. 

reading time

1 min

© picture alliance / ZB | Sascha Steinach
(Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

Alleguer d’Studente vun der Uni Kent, déi de Weekend virun zwou Wochen an dem Chemistry Club zu Canterbury waren, gi präventiv mat Antibiotiquen traitéiert. Ronn 2.000 Leit sollen déi dräi Owender an deem Club gewiescht sinn

Iwwerdeems gouf dëse Mëttwoch um Campus vun der Uni eng grouss ugeluechten Impfcampagne lancéiert. Déi jee no Besoin och nach kéint erweidert ginn, esou déi brittesch Gesondheetsautoritéiten. 

Déi zwee Doudesaffer sinn eng 18 Joer jonk Lycéesschülerinan een 21 Joer jonke Student vun der Uni Kent. 

Och e Fall am Ausland confirméiert

Och a Frankräich gouf ee Fall vu Meningokokke gemellt. De franséische Gesondheetsministère huet confirméiert, datt et eng Persoun ass, déi op der Uni Kent zu Besuch war. De Patient wier an engem franséische Spidol a stabil.