“Utopia” ass zwar schonn dee 4. Album vun der Gwenno, mee si sot et géif sech fir si awer och wéi een Debut ufillen.
Indiepop voller Nostalgie
D’Musekerin huet sech en Numm gemaach als Kënschtlerin, déi virun allem an hirer Mammesprooch Walisesch an awer och op Kornesch séngt. Kornesch ass eng al, keltesch Sprooch, déi am Südweste vu Groussbritannien, am Cornwall, hier Wuerzelen huet.
Elo awer bréngt d’Gwenno fir d’éischte Kéier en Album raus, dee gréisstendeels op Englesch ass, wat och nach eemol en néien Zougang zu hirer Musek liwwert. Et ass awer net deen eenzege Broch mat de Virgänger.
D’Gwenno seet och et wier hiren éischten Erwuessenen Disque, een Album iwwer d’Versoen an all déi Persounen, déi een a sengem Liewe schonn eemol war.
Et ass een Album, op deem d’Gwenno zeréck bléckt an hiert Liewen nach eemol Revue passéiere léisst. Zum Beispill am Titeltrack “Utopia” - eng Ode un d’Nuetsliewe vu Las Vegas.
D’Gwenno huet als Teenagerin zwee Joer do als Dänzerin fir Lord of the Dance geschafft a séngt op “Utopia” iwwer exzessiv Nuechten an enger Disco mat dësem Numm.
Eng Topografie vun der Vergaangenheet
D’Gwenno séngt um Album iwwer all déi Plazen - Las Vegas, Brighton, London, Cardiff - déi si markéiert hunn an och wat fir Gefiller dës Plazen haut an hier ausléisen. Also wierklech eng Zort Topografie vun der eegener Vergaangenheet.
“Utopia” huet scho säi ganz eegene Sound, ass däitlech manner experimentell oder psycheedelesch wéi nach de Virgänger “Tresor”. Och huet si den Album gréisstendeels um Piano geschriwwen an dëse charakteriséiert den Disque dann och méi staark wéi d’Virgänger.
“Utopia” huet och e méi staarken orchestralen Afloss, Sträichinstrumenter zéien sech e bësse wéi e roude Fuedem duerch d’Lidder.
An awer ginn et och nees Stécker, déi staark un d’Virgänger erënneren. Zum Beispill “Y Gath” - eent vun de wéinege Lidder op Walisesch op deem si vun hirer Landsfra Cate Le Bon an hirem Landsmann H. Hawkline begleet gëtt.