De Programm hätt grousse Succès an d‘Demande wier grouss, esou datt een d‘PrEP och baussent der Klinik méi zougänglech wéilt maachen. Dat wier och am neien Aktiounsplang fir d‘Rechter vun LGBTIQ+ Persoune virgesinn.
Dofir sollen Doktere baussent der Klinik forméiert ginn, fir déi Verschreiwung kënnen ze maachen, esou d‘Gesondheetsministesch.
Nofro ass grouss
Beim SNMI kascht eng Behandlung den Ament 1.850 Euro pro Joer a gëtt vun der Gesondheetskeess iwwerholl. Vun 2021 bis 2025 hätt sech d‘Unzuel u Leit, déi op d‘mannst eemol d‘Joer PrEP huelen, bal verduebelt.