HUT hätt eng Konventioun mam Ministère ugefrot, déi den Ament an der Ënnerschrëfteprozedur wier. D'Proprietairen an d'Locatairë wieren eenzel vun HUT kontaktéiert ginn. Déi Kontrakter, déi mat der Caritas ënnerschriwwe gi waren, géife quasi integral vun HUT iwwerholl ginn. De System géif och am Moment och scho vollstänneg funktionéieren, just d‘Kontrakter tëscht den implizéierte Parteie missten adaptéiert ginn, wat awer keen Afloss op de Fonctionement vum System vun der Gestion locative sociale hätt.
arrow_back_ios
search
search
/ Hëllef um Terrain féiert d‘Aarbecht vun der Caritas am Kader vun der Gestion locative sociale weider
Kontrakter ginn iwwerholl
Hëllef um Terrain féiert d‘Aarbecht vun der Caritas am Kader vun der Gestion locative sociale weider
Domat wier den Iwwergang vun de Wunnenge vun der Caritas bei HUT garantéiert, preziséiert de Logementsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.
auto_stories
1 min
Foto: HUT